egalwaat.lu huët gëschter de Server gewiësselt, duerwéngst wärt ët nach ë bessen daueren, bis de Site rem komplett fonktionéiert.
EDIT: De Forum fonktionéiert lo och rem richteg.
egalwaat.lu huët gëschter de Server gewiësselt, duerwéngst wärt ët nach ë bessen daueren, bis de Site rem komplett fonktionéiert.
EDIT: De Forum fonktionéiert lo och rem richteg.
Op den Dag genau (eigentlech wor et gëschter) hir, ass et ee Joër, datt d’Blogbuërg online gaangen ass. Am Ufank hat së duerchaus Succès kannt, deen awer mat der Zäit ofgeholl huet. Vun deenen ronn 30 Blogen, di ageschriwwen waren, woren der eng Reih no enger Zäit net mi accessibel an eng nach mi grouss Donkelzuël hat sëch registréiert, mee ni ë Blog uginn. Duerfir gett et lo no engem Joër eng nei Versioun an déi och de Blogwiki opgaangen ass. Deen wor a läschter Zäit kee Wiki méi, wéll sëch d’Skriptkiddien an d’Spammer drun vergaangen haaten.
Ëlo ass alles op enger Plaaz, et kann een ë Blogvirschlag per Formular eran schécken, deen kënnt dann an d’Moderatioun an gett sou séier wi méiglech an d’Lëscht gesaat. D’Säit ass nach am Opbau, verschidden Saachen (wi ën Index) kommen nach dobäi.
Ganz nei op egalwaat.lu: eng Emfro. A bestëmmtenen Ofstänn gett hei eng Fro gestallt, bei där jhiddfereen kann eng Äntwert auswiëlen. Um Enn ginn dann d’Resultater presentéiert an ët geet zur nächster Emfro iwwer.
egalwaat.lu versioun 3 ass op den Dag haut zënter engem Joër online. A läschter Zäit war ët hei och mi roueg, mä dat wärt sëch an Zoukonft änneren! Ë puër Neierongen wärten dobäi kommen. Zevill gett awer lo nach net verroden ;)
Wengst techneschen Problemer fonktionéiren am Moment d’Sous-domainen vun egalwaat.lu net. Duerfir gesäit een hei och keng Biller. Mat ë bessen Chance wärt de Problem geschwënn geléist sin.
An hei ass den Statistikenréckbléck vun egalwaat.lu fir d’Joër 2005.
Insgesamt hun ronn 21.000 Leit dëse Site opgeruff an dobäi ëm di 3 GB un Donnéen erof gesuckelt. Villmols Merci! Ech hoffen, së woren net zevill enttäuscht mat deem, wat së hei fonnt hun. 43% vun den Visiteuren benotzen den Internet Explorer an 46% den Mozilla Firefox. Am mannsten gekuckt gouf dësen Site vun enger Telé mat engem Browser, deen den Numm “WebTV” dréit. Datt 28 Leit mam Lynx hei hi kommen, freet mech, obschons ech lo net direkt weess, wéi d’Säiten do ausgesinn. Bei de Betriebssystemer läit den Windows XP an 2000 eendeiteg fir (baal 90%), duerno kommen nach verschidden Linuxdistributiounen an MacOS. Souguër BeOS an OS/2 sin nach vertriëden. Di meeschte Leit kommen iwwregens, kee Wonner, aus Lëtzebuerg. Duerno sin d’USA an Däitschland un der Rei, gefollegt vun Groussbritannien, Frankräich an der Belsch.
Ët gouf och no deenen komeschsten Saachen gesicht. An der TopTen stinn Begrëffer wéi “gangxtarappers”, “dat imperium knippelt retour”, “multikulti” an “zu arel op der knippchen” dran. Di manner oft gesichten, ower net manner komesch Begrëffer an där Lëscht sin iwwregens “schnitzelmitkartoffelsalat”, “zombiefilm luxembourg”, “what does kleeschen mean”, “liebesbriefe und anderes”, “hypnotoad screensaver”, “kommunistisch privilegierter bauer”, “infamous psychopathic people”, genau sou wi “handschuhe weihnachtsmann kinder kapitalistisch”, “berlin vs luxemburg” an “wei gin ech en star”. Vun der Halschent hun ech mol keng Ahnung, firwat së heihin verweisen, mä ech si scho gespaant, wat d’nächst Joër um Plang steet.

Nodeems sëch jo op den läschten Bäitrag Dausenden vun Blogger gemellt haaten (Merci un déi, di ët wirklech gemaat hun ;) ), hun ech mech mol um groussen, wäiten WWW op d’Sich gemaat. Wat ech bis ëlo fonnt hun, hun ech op eng eegen Säit gestallt, anzwar a Form vun engem Wiki. Dat heescht, ët kann jiddereen di Säit do veränneren, ob dat lo verbesseren oder eppes dobäi setzen ass. Ech si mol gespaant, wat doraus gett a weg. dreiwt net zevill Schuëd.
A läschter Zäit dauchen ëmmer méi lëtzebuergesch Blogen op, entweder vun Lëtzebuerger oder vu Leit, di zu Lëtzebuerg liëwen. Och di lokal Press ass op de Phänomen opmierksam gin, wi z. Bsp. ën Artikel am aktuelle Jeudi weist. Den Doofblog huët och eppes doriwwer geschriwwen. Kennt nach een weider Blogen oder huët sélwer een? Da schreiwt ë klenge Kommentar hei hannen drun (oder de Link fir Suggestiounen op der riëtser Säit); an nächster Zäit wärt ët hei mol eng
kleng Oplëschtung vun der lëtzebuergescher Blogosphere gin.
gVisit ass eng Modifikatioun vun Google Maps (Landkarten vun der ganzer Welt). Hei kann een sëch d’Visiteuren vun enger bestëmmtener Websäit uweise loossen. Ech hun dat ganzt lo mol op dëse Site agestallt a si gespaant, wat dobäi eraus kënnt.
Link
Update (11.09.2005):
Nodeems ech hei iwwert gVisit geschriwwen hat, kruut ech eng Email vun der Konkurrenz vun mapstats.blogflux.com. Déi bidden ën ähnlechen Service un, hun ower nach weider Méiglechkeeten Informatiounen iwwert d’Visiteuren unzëweisen. De Konkurrenzkampf am Lokaliséieren ass also anscheinend knallhaart, wann amerikanesch Säiten schon op d’Hëllef an d’Reklamm vun lëtzebuergeschen Säiten ugewisen sin.
Update2 (1.10.2005):
Ech hun gVisit eraus geholl, wéll di Säit sou luës, datt EWL sélwer baal nemmi geluëde ka gin.
Hei ass de Script:
http://www.gvisit.com/display/showfeed.php?src=
http%3A%2F%2Fwww.gvisit.com%2Frss.php%3Fsid=
6ae33379708c3ac01d68643dcc98da16&n=5&bordercolor=
000000&bgcolor=FFFFFF&linkcolor=0000EE&headercolor=
000000&headertext=Besicher:&width=200&padding=6