Archive for the ‘Internet & PC’ Category

d’laach vun der nat…. äh vun egalwaat.lu

Wednesday, August 13th, 2008

Dese Blog wor lo bal zwee Méint an der Summervakanz. Eigentlech stëmmt dat net, ech hat just keng Loscht an Zäit eppes ze schreiwen, mee iergend eng Excuse muss ee jo hun. Den Interessi fir ze bloggen ass net méi sou staark, wi am Ufank (2005). Mäin aanere Blog hun ech jo schon opginn a wärt en iergend wann mat desem fusionéiren (wann ech endlech eraus fonnt hun, wéi ech dat mat de Kategorien wärt maachen). D’Themegebidd vun egalwaat.lu war bis elo alles ronderem Lëtzebuerg. Dat wärt séch elo änneren an ech schreiwen einfach, op wat ech grad Loscht hun. Anstatt “objektiv” Artikelen iwwert verschidden Objeten, Événementer oder soss Eppes, gin et lo kéng Regele méi. Wiem dat net passt, hat Pech! ;)

Dat éischt, wat ech haut mol wollt erwähnen, ass, datt ech anscheinend am Télécran soll ze gesi sin. Op enger Photo vun der Avant-Première zu “The Dark Knight“. Wi gewinnt kucken ech op enger Zeitungsphoto ëmmer blöd dran. Oder kucken ech vläit och allgemeng ëmmer blöd dran? Wéll ech awer lo grad keen Exemplaire vun desem Magazin bei Hand hat, wollt ech alt mol op telecran.lu kucke goen. Natirlech wor do näischt ze fannen, ausser e grujheleschen Design, dee bei ménger läschter Visite vu firun iwwert engem Joer nach net do war. Grouss Banneren mat Photoen als Hannergrond a banalen wäiss/schwaarzen Iwwerschrëften driwwer. Do fehlt just nach Comic Sans MS als Schrëftart. Wéi een Möchtegern-Snowboarder… äh ‘Webdesigner’ hu se dann zesummen mat MS Paint dorop lass gelooss? Dat erënnert jo scho bal fatalerweis un Lëtzebuerg Privat (jo, ech verlinken dat hei, hihi).

Zum Dark Knight sélwer, deen en zimlech gudde Film ass, hun ech lo net mi direkt Loscht, eng Kritik ze schreiwen. En décke “Merci” geet awer un den Utopolis, deen d’Avant-Premièren anscheinen dozou benotzt, fir ze kucken, op d’Filmrullen an der Reih sin. Hätten se dat firdrun gemaat, hätt de Film net grad matzen an enger relativ spannender a décisiver Szene opgehaalen an éischt no 5 Minutte weider gaangen. Wat fir eng Technik stëcht eigentlech dohannert, wann bei engem “Problem mam Projekter” (O-Toun) direkt automatesch och d’Luuten am Sall uginn? An dat a béide Säll zu anscheinend verschiddenen Zäitpunkten. Firwat kënnt sou e grousse Blockbuster eigentlech net souwisou digital eraus? Oder wollten se vläit Raubkopien verhënneren? En RTL-Kameramann souss nämlech mat séngem Geschier an der éischter Reih. Schued datt ech den Handy schon aus hat, soss hätt ech lo eng Photo dovun hei hi gesaat.

second bock

Wednesday, April 23rd, 2008

Di mi eeler Liëser erënneren séch vläit nach un Second Life, eng online 3D-Welt, ronderem déi et 2006 an 2007 nawell e groussen Hype gouf. Ma, anscheinend existéiert dat alles nach an ass weiderhin um Floréiren. Et het séch souguer eng gréisser lëtzebuergesch ‘Community’ gebild (de Grupp “Lëtzebuerg”, deen ech Mëtt 2006 gegrënnt hat, wor net grad sou erfollegräich, duerfir gin et der lo awer eng ganz Reih aanerer). Besonnesch de lëtzebuergesche Muséker “Cyberpiper” ass do erfir ze stiëchen, deen séch am Moment zesumme mat aanere Fräiwëllegen a mat Hëllef vum Katasteramt ameséiert fir eng virtuell Rekonstruktioun vum Bockfiëls (wou di ursprünglech Buerg Lëtzebuerg stoung) ze bauen, respektiv ze “builden”, wi dat op “Second Lëtzebuergesch” heescht. Hei ass e Snapshot vum 22. Abrëll 2008, dat Ganzt ass awer nach laang net färdeg. Dat Bloot am Hannergrond ass iwwregens d’Miër, wéll eng virtuell Belsch gëtt et, ménges Wëssens no, nach net.



luxopoly

Tuesday, February 19th, 2008

Séier, et bleiwen nach knapps 10 Deeg fir Lëtzebuerg bei an d’Monopoly World Edition ze setzen. Wann der genuch ofstëmmen, kann dat wirklech geschéien. So jidderengem Bescheed! ‘t wir jo gelaacht, wa mer Gdynia (Polen) net vun éischter Plaatz kinnten verdrängen.

Link

200

Sunday, February 10th, 2008

Ech hätt et net geduecht, mee no bal 2 Joer huet d’Blogbuerg elo konnten säin 200. Blog begréissen.

Ech weess, datt eng ganz Reih vun de Blogen, di nach dran stin, net mi existéiren oder aktualiséiert gin, mee zu iergend engem Zäitpunkt hun se awer existéiert. An nächster Zäit wärt et och eng Reih Ännerungen a geraumt gin. Virschléi a Verbesserungen sin natirlech wëllkomm.

bommestëmmung

Wednesday, January 23rd, 2008

E neien Stär ass um lëtzebuerger Websäitenhimmel opgaangen. Knuppefreedia.lu ass eng Enzyklopédie mat Wiki-Fonktiounen iwwert d’lëtzebuerger Rock-, Metal- an Alternative-Szene, wou jiddereen kann säin Wëssen bäi droen. En interessante Projet, deen et an där Form (ausser der Wikipedia) hei zu Lëtzebuerg wuel nach net gëtt. Am Moment ass d’Säit nach e bëssen eidel, mee dat wärt sëch wuel geschwënn änneren. Do steet awer méi drop, wi een op den éischte Bléck gesäit, et muss ee just richteg kucken.

Link

mach et dach sélwer!

Tuesday, September 11th, 2007

Nodeems verschiddener schon nom "Web 3.0" verlaangen, versicht lo och Lëtzebuerg op d’Schinn vum "user generated content" opzesprangen, anzwar mat der Plattform “You Make TV”. E YouTube-Klon, deen awer nach an enger zimlech fréier Beta-Phase stëcht, wéll eigentlech fonktionéiert nach bal iwwerhaapt näischt.

Link

Update (17.09.2007): D’Säit ass haut offiziell online gaangen a fonktionéiert lo richteg.

gliddeg staad

Thursday, July 12th, 2007

Vun haut un gëtt vun der Staad Lëtzebuerg e gratis Wireless-Réseau zur Verfügung gestallt. Wien also vun elo un mam Laptop um Knuëdler wëll surfen oder op enger Terasse op der Plëss wëll eng Email verschécken, kann dat lo maachen. Oder awer och net an einfach säin Iëssen, Patt oder Kaffi genéissen.

Link

luxtube

Wednesday, May 9th, 2007

Et huet net laang gedauert, Lëtzebuerg huet lo och eng eegen Multimediaplattform fir Video an Audio dem breeden Publikum zur Verfügung ze stellen. Podium.lu bidd desweideren d’Méiglechkeet fir Video- Photo- oder Audiocasten un. Och wann nach deen een oder aanerenBug ze fannen ass, schéngt dat awer eng interessant lokal Alternative zu deenen groussen Konkurrenten ze sin.

Link

blogbuerg: les alentours

Sunday, April 1st, 2007

Inspiréiert duerch dese Kommentar, huet d’Blogbuerg lo eng graphesch Iwwersiicht iwwert d’Verlinkungen vun den eenzelnen Blogen. Dat Ganzt gouf mëttels engem Flash-Applet, dem RelationBrowser realiséiert. Weiders dozou op der Blogbuerg. A Nee, haut gëtt et keen Abrëllsgéck, Ätsch!

revved webdesign

Friday, March 9th, 2007

Eng Fro iwwert Webdesign? Firwat fonktionéiert dee JavaScript net? Wéi kréien ech CSS richteg ugewisen? Firwat wëll PHP net op d’MySQL-Datebank zougräifen? Dës a nach vill aaner Froën kritt een op revo.lu beäntwert, enger lëtzebuergescher Kommunautéit fir "Web-developer".

Link