Archive for the ‘Kultur’ Category

wat ee schon ëmmer wollt iwwert 2012 wëssen an een séch ni getraut huet ze froen

Sunday, January 1st, 2012

Lo ass ët also do, d’Joer 2012. Mee wat kënne mer eis dann alles vun deem fusch-neie Joer erwaarden? Foljhend kënnt mol eng kléng Opziëlong vu méi oder manner kuriéisen Événementer:

- 2012 ass ë Schaltjoer an huet duerch den 29. Februar 366 Deeg
- 2012 ass dat internationalt Joer vun de Genosseschaften an dat internationalt Joer vun der nohalteger Energie fir jhiddereen
- Europäesch Kulturhaptstiëd sin Guimarães am Portugal a Maribor a Slowenien
- An Indien ass ët dat nationalt Joer vun der Mathematik (wéngst dem 125. Gebuertsdag vum Srinivasa Ramanujan)
- Ët ass och d’Alan Turing-Joer als Kommemoratioun vum Mathematiker a Computerwësseschaftler séngem 100. Gebuertsdag
- Duerch Geméngefusiounen gëtt d’Zuël vun lëtzebuerger Geméngen vun 116 op 106 reduzéiert. Ët wärt also 10 traureg Buergermeeschtere gin (oder frouher, deemno wéi…)
- Am Juni ass a Polen an an der Ukrain d’Futtball-Europameeschterschaft
- Vun Enn Juli bis Mëtt August fannen zu London fannen di 30. Olympesch Summerspiller statt
- D’Futtball-Afrikameeschterschaft ass am Gabun an an Äquatorialguinea
- Zu Istanbul sin di 40. Olympesch Spiller am Schach
- D’Séissholzwuerzel ass d’Medizinplanz vum Joer
- Dänemark an Zypern hun d’EU-Rotspresidentschaft
- Op Curaçao a Sint Maarten gëtt den Antille-Gulden a karibesche Gulden ëmbenannt
- D’Weltausstellung ass zu Yeosu a Südkorea
- De 57. Eurovision Song Contest kënnt vu Baku am Aserbaidschan (Europa vergréissert séch)
- D’Tagesschau vum däitsche Sender ARD feiert 60 Joer
- Am August soll de Mars Science Laboratory (“Curiosity”) um Mars landen
- Den aktuellen Zyklus vum mesoamerikaneschen Maya-Laangzäitkalenner kënnt den 21. Dezember 2012 op ën Enn. Duerno fänkt awer rem ë neien un.

Oscars (1): Wings

Friday, June 3rd, 2011

Wings (1927), Oscar vun 1927/28, ass ë schwaarz/wäisse Stommfilm iwwert zwee Flijherpiloten am éischte Weltkrich.

Den Jack an den David kommen alle béid aus der amerikanescher Mëttel/Uëwerschicht a sin an dat nämlecht Meedchen, d’Sylvia verléiwt. Dat ass awer just um David interesséiert, mee seet aus Matleed dem Jack näischt. Deem séng Aan si blann fir d’Mary, dat sëch fir hien interesséiert. Dat Ganzt kléngt zimlech komplizéiert, mee ass ët eigentlech net. Wat d’Relatioun tëschent den zwee Konkurrenten verännert, ass, Wings Filmposter 1927wann së sëch an d’Loftarméi mellen, fir am, domols nach “Grousse Krich” genannten, Éischte Weltkrich an Europa zë kämpfen. Di zwee kommen sëch méi no a gin di béschte Kollegen. Mee wéi an all Krichsdrama muss ët zu engem trageschen Enn kommen.

D’Geschicht huët gewëss Längten a gëtt plaatzeweiss zimlech eraus gezunn. Och wann ee muss op Textbiller waarden, fir verschidden Saachen erklärt zë kréien, verharrt d’Kamera oft zimlech laang op de Schauspiller, déi dat notzen fir hir Emotiounen an där domols üblecher theatralescher Art a Weiss zë weisen. Do miërkt een och, datt een als opgeklärte Mënsch vum 21. Jorhonnert, eng etlech Jorzéngter u Filmevolutioun kennt an een liicht verwirrt gëtt, firwat alles als éischt muss dem Spektateur erklärt gin. Gewëss Filmkonventiounen gouf ët eben nach nët oder de Spektateur huët së nach nët kannt.

Dat grousst Wiërk stëcht, ménger Meenung no, bei dësem Film am techneschen Aspekt. D’Mise-en-scène ass durchaus originell an ass domols wuël zimlech positiv opgefall. Ech erënnere mëch do un eng Szene an der Mëtt vum Film, wou d’Kamera tëschent de Leit iwwert d’Dëscher fiërt, fir just ee Beispill zë nennen.

Wat wirklech groussarteg ass, sin di riiseg an opwänneg Dékoren, genau wéi gigantesch Massenszenen um Schluëchtfeld. Ët kann ee kee Realismus à la “Saving Private Ryan” erwaarden, mee duerfir gëtt Dramatik héich geschriwwen. D’Choreographie vun honnerten Zaldoten tëschent de Schützegriëf wärt zimlech usprochsvoll gewiëscht sin. D’Käschten wärten sëch och nët a Grenze gehal hun, wéll d’Kulissen simuléieren ganz franséisch Diërfer, di zerbombt gin an eng Aberzuël u Flijheren.

Wéngst wat de Film wuël wirklech berühmt gin ass, sin d’Fluchszenen. Dozende vun Duëbeldéckeren fléien do iwwert de Wollécken iwwerteneen an d’Stuntleit féieren halsgeféierlech Manöveren aus. Anscheinend kruuten së do Hëllef vun engem Fluchregiment aus dem Texas, wou de Film sollt gedréint si gin. Ech muss soën, datt dat immens spektakulär ausgesäit, och nach am “Michael Bay” a “Roland Emmerich”-Zäitalter.

Ë klénge Manko huet de Film trotzdem fir mëch, wéll méi Wärt op den Drama an Effekter geluëgt gouf, wéi op Realismus. Ët feelt och u kléngen Détailer, wéi z. Bsp. datt d’Fraen an de Paräiser Lokalen all Partykleeder vun 1927 droën. De Film spillt just 10 Joër méi fréi, do hätt een dach wuël eppes Passendes fonnt? Desweideren gëtt de Film de Krich als eng zimlech nobel Cause rem, wat natirlech där domoleger Mentalitéit entsprëcht (während a nom Krich), mee hautzudachs liicht lächerlech wiërkt. Hu Géigner wirklech opgehaal mat kämpfen, wann engem säi Gewiër geklemmt huët (fir fair zë bleiwen)? Dann huët de Film och ën zimlech staarke Fall vu Schleichwerbung (di éischten iwwerhaapt?) fir Schokola. Nujee, ën hat och 2 Milliounen Dollar kascht.

Ët ass op jhiddfer Fall eng grouss Hollywood-Produktioun, déi Paramount Pictures sëch do geleescht haten an ech ging soën, datt den Oscar wuël verdéngt wor (ouni lo d’Konkurrenten gesin zë hun). Gesin hat ech de Film mat sénger Laafzäit vun 2:20 Stonnen an der LaserDisc-Versioun aus den 80′er Joren.

Liëwenszeechen

Friday, June 3rd, 2011

Dëse Blog liëwt nach. Ech weess, datt ët schon laang hir ass, datt ech eppes geschriwwen hat (mol nokucken… wat 6 Méint? ka nët sin!), mee ech hu vir, mëch zë besseren. An duerfir starten ech ë neie Projet.

Wéi vill aaner Leit och, sin ech ë Fan vu Lëschten. An wat ech ë bessen hei um Blog vernoléissegt hun, sin Kritiken vu Filmer. Wat wir do also méi ideal, wi di zwou Saachen zë kombinéieren? Duerfir wärt ech ëlo a nächster Zoukonft Kritiken iwwert Filmer, di all op enger Lëscht opdauchen, schreiwen. Als éischt hun ech mer mol d’Fro gestallt, wéi eng Lëscht ech ging huëlen. Sou eppes wéi d’Top 250 aus der IMDb ass mer zëvill subjektiv (a kann och changéieren, da misst ech di ganzen Zäit nokucken, wat feelt), duerfir orientéieren ech mëch léiwer un enger zwar och subjektiver, mee duerfir “stabiler” Lëscht; dat sin d’Filmer, déi alleguer ën Oscar fir de béschte Film kruuten.

Méng réng subjektiv Kritiken wärt ech a chronologescher Reihefolleg schreiwen, duerfir wärt ech also demnächst fir d’éischte Kéier iwwerhaapt eppes iwwert ë Stommfilm schreiwen. Den éischten Oscar iwwerhaapt ass nämlech un de Stommfilm “Wings” gaangen. Dat war och den eenzegen, wéll am nämlechte Joer (1927), den éischten Tounfilm an de Kino koum. Ech si gespaant, wat mëch bei dësen, bis ëlo 83 Filmer, wärt erwaarden.

Ons Identitéit (Lëtzebuerg 2010)

Thursday, December 2nd, 2010

Endlech ass ën do! Dem Jacques (nët dee mam Schokela) säi Film iwwert di lëtzebuerger Kultur an eben, wi den Titel ët schon undeite léisst, di lëtzebuergesch Identitéit. Anscheinend hu mer së fonnt (dem Film no).

Ech gi lo nët laang op eng Kritik vum Film sélwer an. Ën ass fir eng Amateursproduktioun net schlecht gemaacht, huet liicht Länkten, di awer trotzdem kurzweileg sin an impressionéiert nawell duerch ën Dréihbuch, wou ee gesäit, datt eppes dohannert stëcht an sëch den Auteur Gedanke gemaat huet. Verschidde Gag’en hu mëch “schmunzele” gedin, bei aaneren konnt ech mëch kréngelen. Wat mer nach positiv opgefall ass, sin di duerchaus gudd schauspilleresch Leeschtungen, besonnesch vum Jacques Schiltz a Lars Schmitz. Och wann een d’Geschicht wuël just als Lëtzebuerger wärt verstoen an een së nët grad zäitlos kinnt nennen, wéll së relativ vill op d’Aktualitéit opbaut, mëcht dëse Film de Wee op an eng nei Richtung.

“Eng nei Richtung fir de lëtzebuerger Film? Pa, iwwerschätzt de do dëst Wiërk net ë bessen?” wärt sëch de wärte Liëser hei froen an ech gin ëm och Recht. Trotzdem fannen ech ët interessant, mol eng Kéier eppes aaneschteres, wi di x-ten Reportage iwwert den zweete Weltkrich (“Wi méngem Monni séng déck Zéiw sëch huet missten an enger Éislécker Höhl verstoppen”) oder eng langweileg pseudo-witzeg Sozialkomedie (quasi alles vum Andy Bausch) ze gesin. D’Aussoo vum Film ass net revolutionär (datt Friëmenhaass kee Sënn huet, etc…), mee alléng de Fait, dat gewëss Tabu’e gebrach gin (d’Hitlerparodie erwähnt de Film sélwer, di roud Léiwen, di op der Wiss leien…) sprëcht duerfir, datt sëch mat engem Thema ausernee gesat gouf a net einfach eng Reih vun, fir Lëtzebuerg relevanten, Iddien geholl an an d’Geschicht agestreet goufen, fir datt sëch de Spektateur um Lokalkolorit kann erfréeen. Anstatt, datt ëmmer nëmmen ronderem geschwaat gëtt, gëtt hei d’Kand mam Numm genannt an sëch mol éierlech domat ausernee gesat. A wann dat alles nach mat Humor, deen sëch sélwer nët zevill serieux hëllt, geschidd, fannen ech dat immens. Op eng Fal, ass de Film awer era gefall; nämlech genau dat, wat ën engem och wëll weisen: d’Lëtzebuerger interesséiren sëch just fir sëch sélwer. Ass ët ë Mannerwärtegkeetskomplex oder kennen së näischt Besseres? Së filmen op jhiddfer Fall just iwwert sëch sélwer an de Problem, datt së keng richteg lëtzebuerger Identitéit hun. Mee vläit ass dat jo awer just sou richteg “typesch lëtzebuergesch”!

Wiën lo nach ëmmer kéng Loscht huet, sëch dee Film unzekucken, dee sollt sëch de Film mol als éischt ukucken, vläit kritt ën da Loscht! Ze gesin ass ën ënnert desem Link. Weider Kritiken gin ët bei Pianocktail (Piano-Cocktail?) a beim trauregen Hierscht. Avis aux amateurs!

dat brongt spill

Tuesday, August 24th, 2010

Fir all déi, di dest Joer d’Schueberfouer boykottéiren.

Clipstar 2010

Wednesday, July 21st, 2010

Den Himmel iwwert Iechternach hat d’Faarw vun enger Telé, di d’Signal vun enger Kamera weist, di d’Telé selwer ooffilmt. Also blo. D’Sonn huet sou staark erof geklaakt, datt ech frou war, Owes kënnen do ze sinn a net an der Mëttesstonn. Trotzdem war et traditionnel rem extrem waarm an di net-existent frësch Brise, vun der Sauer hir, konnt kéng Ofkillung bréngen. Ech war sou eppes vu frou, mech rëm kënnen an den klimatiséierte Sall vum Ciné Sura ze sëtzen. An der Dir gouf ech schon charmant vum Céline begréisst, dat mer de Programm vum Owend an d’Hand gedréckt huet.

Gespaant, wat mech dëst Joer rëm géing erwaarden, hun ech mat liicht schweessege Fangeren d’Brochure opgeklappt. Presentéiert goufe mer alphabetesch getässelt 6 Kuerzfilmer an 8 Mini-Clipen (déi dëst Joer gréisstendeels aus Musiksclipen bestinn hunn). Di meescht Regisseuren hu mer näischt gesot, mä et woren awer och rëm e puer bekannte Nimm drënner. D’lëtzebuerger Amateurs-filmszene ass jo nun eben nach liicht beschränkt (also vun der Gréisst hir); do ass et normal, datt all Joer di üblech Verdächteg dobäi sinn. Et ass och schéin ze gesinn, datt d’Leit nach ëmmer motivéiert sinn an et och eng gewëss Progressioun an hire Wierker gëtt. Ech sollt während dem ganzen Owend gesinn, datt sämtlech Filmerten vum filmtechnesche Standpunkt hir, solid Aarbecht geleescht hun. Et bleiwen nach ëmmer Amateursfilmer, mä et mierkt een, datt et unhand vun neien Technologien (PC, bëlleg HD-Kameraen) ëmmer méi einfach gëtt, gutt Filmer mat méi niddregen Käschten a manner Opwand ze produzéieren. Trotzdem däerf et net un der noutwenneger Ënnerstëtzung fehlen, wéi den Thorben an der Aleedung konnt hiweisen. Dorop ass den Joy Hoffmann no de Filmer och nach drop agaangen an huet dem Publikum erklärt, datt d’Situatioun am Moment hei zu Lëtzebuerg éischter déi ass, datt méi Leit ënnerstëtzt ginn, déi vir hunn, eng Léier an eng professionell Carrière am Filmberäich unzefänken. Ech perséinlech gesinn dës Approche och an aneren Konschtberäich wéi z. Bsp. der Musek, wou och gréisstendeels vun de Conservatoiren opmannst Semi-Professionalismus gefuerdert gëtt. Ech froe mech, op een domat hei zu Lëtzebuerg eventuell eng Zort “Mëttelklass” vun der Konscht un der Entwécklung hënnert.

An der Jury woren dëst Joer rëm aal Bekannter, mä och nei Persounen. Bestanen huet se aus dem Fränk Grotz (Cinéast, “Tour of Duty”), dem Michael Dohrmann (Ciné Sura asbl), dem Joy Hoffmann (CNA, RTL Cinémag) an dem Frank Wilhelm (Lëtzebuerger Filmpräis, Ciné Sura asbl). Folgend beschreiwen ech lo mol mäin komplett subjektiven Androck vun der Sélectioun.

Kategorie KUERZFILMER

À l’abri
Regie: Cyrus Neshvad
Dauer: 10 Minutten

E jonke Strummert ass op der Sich no engem Dag iwwert dem Kapp fir datt en d’Nuecht net muss dobausse bleiwen. Hie fënnt en aalt verloossent Haus, brécht an a mécht et sech an engem eidelen Zëmmer bequem. Éier en awer kann aschlofen, héiert en e Geräisch.
Dëse Film gouf mat ganz einfache Mëttele gedréint, wat ee leider och e bëssen un der Bildqualitéit kann erkennen. Well sech bal de ganze Film am Donkelen ofspillt, hätt ee missten dorop oppassen, eng passabel Kamera ze huelen, déi d’Biller net sou staark verrauscht. Vum Dréibuch hir ass d’Geschicht zimlech minimalistesch gehal. Dialoger existéieren der keng, d’Handlung existéiert alleng duerch d’Erforschen vum Haus an d’Angscht virun onbekannte Leit, di dem Abriecher un den Hals wëllen. Dat ganzt Mysteriéist steigert sech mat der Zäit an erzeugt duerchaus eng gewëss Spannung, och wann den “Twist” um Schluss liicht onpassend wierkt.

Dréibuch: 3/5
Realisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5


En un Clin d’Oeil
Regie: Cyrus Neshvad
Dauer: 5 Minutten

Kuerz virun hirem Doud an engem Krankebett, léisst eng eeler Fra hiert Liewen Revue passéieren, vun hirem aktuellen Zoustand zréck an hir Kandheet.
De Regisseur huet hei seng Groussmamm (di 2009 verscheet ass) gefilmt an hir domat dokumentatoresch e schéinen Hommage gewidmet. E schwieregt Thema, dat awer duerchaus gutt a würdeg duer bruecht gouf, och wann een duerch di verschidden Photoen, déi vun hirem Liewen zeien, vläit sech net direkt perséinlech duerfir kann interesséieren (sou goung et mir opmannst). E battere Nogoût bleift, wann een drun denkt, wéi ee selwer vläit wäert an engem spéideren Alter drun sinn.

Dréibuch: 3/5
Realisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 3/5


Grim
Regie: Yves Steichen
Dauer: 19 Minutten

Ah, dësen Owend den éischte Film vun Feierblumm Productions, dem Studio mat den endlos laangen Credits an hire Wierker. An enger einsamer Hütt am Bësch spillt séch en Duell tëschent dem Rotkäppchen an dem Wollef of. Nëmmen ee wäert iwwerliewen. D’Geschicht gëtt mer e bëssen ze vill vun engem Erzieler exposéiert an den Haaptprotagonist gräift dem Enn leider scho vir, sou datt keng richteg Spannung méi entsteet.
Technesch gesinn, ass de Film immens gutt produzéiert. Eng Kamerafahrt duerch de Bësch (Steadycam oder souguer op Schinnen?), schéin Kontraster (e schwaarz-wäisst Bild mat rouden Elementer erënnert liicht un de Stil vun Sin City) an interessant Kameraperspektiven weisen, datt hei Amateuren mat vill Erfahrung um Wierk waren. Dat Ganzt ass dobäi och nach flësseg erzielt a léisst bal kéng Langweil opkommen. Ech betounen awer bal, well de Film huet awer duerchaus Manko’en. Ech verstinn schon, datt jidderengem säi Numm soll erwähnt ginn, dee matgewierkt huet. Dat ass och richteg, mä trotzdem däerfen d’Credits net méi laang sinn, wéi de Film. Sou ass et mir opmannst mol virkomm. An eng rout a kursiv Schrëft op däischterem Hannergrond kann een och just méi schlecht wéi recht liesen. Soss kann ech awer just soen, datt et flott ass, datt duerchaus uerdentlech Amateursfilmer am Hollywood-Stil hei zu Lëtzebuerg produzéiert ginn a net nëmmen iergendwellech “artsy-independent” Wierker.

Dréibuch: 3/5
Realisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 4/5


Nachkriegsfilm
Regie: Lars Schmitz
Dauer: 15 Minutten

E jonken Duerchschnëttsmann sëtzt op enger zerfatzter Duerchschnëttsfotell firun der Telé a sicht nom Tëleesprogramm. Datt ass, wat am Film geschitt; et ass och dat, wat eng jonk Duerchschnëttsfra op der Telé erzielt. Si stellt sech d’Fro, op dat alles ass an d’Liëwen net nach méi wäert ass, wéi just dat. De Mann wëll awer just vun der Telé ënnerhal ginn an sech lo net op eng philosophesch-existentialistesch Diskussioun era loossen. Dat geschitt natierlech trotzdem.
Als éischt duecht ech, et géing rëm ëm dat üblecht “Telé ass Volleksverdommung an all intellektuell Debatt ass just Verblendung”, mä de Film geet nach weider a stellt seng eegen Aussoen a Fro. En interessant Wiesselspill tëschent zwou Persounen, di sech komplett ënnerschiedlech virkommen an herno mierken, datt se awer villes gemeinsam hunn. D’Inszenéierung erënnert éischter un en Theaterstéck (kinnt do och gutt funktionéieren). D’Schauspiller bréngen hir Dialoger gutt eriwwer, iwwer-dramatiséieren net a wierken duerchaus interessant.

Dréibuch: 4/5
Realisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Präis vun der Jury


Oddzwiék
Regie: Marc Recchia
Dauer: 20 Minutten

En net oninteressante Film, deen ech awer iergendwéi net richteg antessele kann. Et ass eng Dokumentatioun iwwert eng jonk Fra am kathoulesche Polen, di net sou richteg hir Roll an der Gesellschaft ka fannen. U sech wier se gären an e Klouschter gaangen, fir do kënnen a Rou hirer Konscht nozegoen. Se gëtt awer do net akzeptéiert a probéiert sech op anere Plaatzen z’intégréieren. Se bedauert e bëssen, datt se net als Jong op d’Welt komm ass, well se et dann, hirer Meenung no, méi einfach hätt.
De Film besteet zu engem Deel aus Interviewen mam Haaptpersonnage an anerersäits begleet en se zu verschiddenen Statiounen an hirem Alldag. D’Inszenéierung ass einfach gehalen a konzentréiert sech gréisstendeels op de Sujet.

Dréibuch: 2/5
Realisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5


QΦNTRΦLL
Regie: Marc Fretz
Dauer: 16 Minutten

Fir de Buschstaw Φ hunn ech lo awer misste laang sichen (vläit hätt ech den Þorben sollte froen). Den Titel seet eigentlech alles iwwert de Film aus. En éischter banalt Wuert, dat mat Hëllef vun engem Stréch duerch den “O” soll interessant gemat ginn. Gewise gouf hei den éischten Deel vun enger 3-deeleger Mini-serie. No der Klimakatastrophe sinn d’Temperaturen op der Äerd op iwwert 100° C geklommen a just nach e puer Mënschen iwwerliewen a Bunkeren. De Protagonist lieft a sengem Schutzraum (e Späicher, deen e bëssen mat Computeren an Technik vollgepaakt gouf), langweilt sech gréisstendeels a stellt sech d’Fro, op et iwwerhaapt nach ee Mënsch ausser him op der Welt gëtt. Dunn op eemol registréieren Sensoren dobaussen eng Beweegung…
Uuups, lo hunn ech de Schluss vum Film verroden. Tatsächlech geschitt während dem ganze Film bal näischt, ausser, datt de Setting (Apokalypse) erklärt kritt. Genausou wéi de Personnage am Bunker, fänkt een un, sech ze langweilen an dee Moment, wou et spannend gëtt, ass d’Episode eriwwer. E klasseschen Cliffhanger also, wat leider op engem Filmfestival ouni Suite e bëssen fehl un der Plaatz ass. Technesch gesinn, ass de Film mëttelméisseg opgeholl (Crew vun 2 Leit), weist awer e puer Stäerkten am Design a Computeranimatiounen. Dat Ganzt wierkt éischter, wéi Frënn, di gären mat Effekter schaffen an duerfir eng Geschicht ronderem erfonnt hunn; quasi Hollywood puer. Vläit rënnen awer och di zwee nächst Deeler d’Geschicht gutt of an ech ginn positiv iwwerrascht. Den Dräi-Deeler kann een sech iwwregens op fretz.lu ukucken. Am Moment ass éischt den 2. Deel eraus an ech wënschen dem Team Erfolleg.

Dréibuch: 2/5
Realisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 2/5


Kategorie MINI-CLIPS

Accidentally
Regie: Yves Steichen
Dauer: 5 Minutten

Eisen éischte Mini-clip vum Owend ass e Museksclip fir den Daniel Balthasar, produzéiert vu Feierblumm. Dat mierkt een och, well technesch ass de Film rëm solid an opwenneg produzéiert. Di 5 Minutten sinn quasi an engem eenzegen Take geholl (zwou Plaatze ginn et awer, wou een hätt kënne schneiden; vläit ass dat och geschitt). Duerchaus ënnerhaalend gëtt eng Autosrees an engem Filmstudio gedréit, d’Aktiounen ginn flësseg aneneen an et wierkt ni oninteressant. Just de Schluss hunn ech fir Autoschleichwerbung gehalen, well e Won vun enger bestëmmter Mark mer e bëssen ze prominent am Bild stoung. Am Groussen a Ganzen ass et schued, datt et net méi Museksvideoen vun dëser Qualitéit hei zu Lëtzebuerg ginn.

Dréibuch: 4/5
Realisatioun: 4,5/5
Gesamtbewärtung: 4/5


Arrows
Regie: Antje Lampe
Dauer: 3 Minutten

De Clip huet sou roueg ugefaangen a war sou séier eriwwer, datt ech éischt an der leschter Minutt opgepasst hunn a mech duerwéngst net méi richteg un d’Geschicht kann erënneren. Eng Fra schneit Pabeieren a moolt Feiler drop. Dann trëppelt se iwwert Wisen an duerch Bëscher, fir mat dëse klénge Schëlder e Wee ze markéieren. Wéi ee Stil Musek gelaf ass, weess ech och net méi. Ech hu wierklech keng Ahnung méi, wat dat Ganzt gesollt huet.

Dréibuch: 2/5
Realisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5


Au Feu à Droite
Regie: Adolf El Assal
Dauer: 4 Minutten

E Museksvideo fir e franséische Rapper, dee versicht a séierer Geschwindegkeet allméiglech Alldagsszenen gemëscht mat Popkultur an deem engem oder anere vulgär/ordinäre Bild ze presentéieren an dobäi iwwert iergend een Zoustand vun der Welt ze lamentéieren. Den treie Lieser wäert mierken, datt ech kee Fan vum Rap sinn; scho guer net deen, dee wierkt, wéi wann en aus engem Banlieue vu Metz géing kommen an sech dichteg virkënnt. Technesch ass dat Ganzt awer duerchaus uspriechend presentéiert a gëtt och net langweileg.

Dréibuch: 3/5
Realisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5


Le Mépris
Regie: Cyrus Neshvad
Dauer: 4 Minutten

Rëm e Video vun der Neshvad/El Assal-Clique, dee wéi gewinnt technesch gutt produzéiert, mä vum Dréibuch hir rëm liicht pretentiös hir kënnt an sech selwer ze vill serieux hëllt. E Mann sëtzt am Donkelen, huet sech d’Pulsoderen opgeschnidden a blutt lues zu enger Pianosonate vum Schubert virun sech hin. Vläit sinn just ech et, mä ech kapéieren d’Aussoen vun dëse Filmer ni.

Dréibuch: 2/5
Realisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5


Numéro 1765
Regie: Cyrus Neshvad
Dauer: 4 Minutten

Gottsäidank de läschte Film vun de nämlechte Realisateuren, wéi dee virdrun. Mee OPGEPASST, deen huet et a sech! Klickt de Link zum YouTube-Video just un, wann der Blutt verdrood. De gréisstendeels a Schwaarz/Wäiss gehaalene Film weist, wéi eng Kou am Schluechthaus geschluecht gëtt. Loscht op e Steak huet een duerno net méi. Wat genau domat wëll gewise ginn, weess ech och net, well ech unhuelen, datt di dote Fakten (am Schluechthaus ginn Déieren ermord!) jo awer de meeschte Leit sollte bekannt sinn.

Dréibuch: 2/5
Realisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5


Story of Jack
Regie: Sébastien de Sousa
Dauer: 4 Minutten

En zimlech einfach gedréintene Film mat enger leider zimlech lächerlecher Geschicht. En Typ spillt de ganzen Dag “Ballerspiller”, verwiesselt dann Fiktioun mat der Realitéit a geheit sech herno dobaussen vrun Angscht hannert eng Heck, wann just een mat engem Briquet eng Zigarett ufänkt. Luëwenswäert ass de Versuch, fir iwwerhaapt e Film ze dréien, mä dann awer weg. mat manner stereotypen an ausgelutschte Klischeeën.

Dréibuch: 2/5
Realisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5


The Cinema-Goer
Regie: Meris Sehovic
Dauer: 5 Minutten
Präis vun der Jury

Ooh, and now for something completely different. E Stop-Motion-Film mat Plastilinsfiguren. E Mann geet an de Kino, gëtt do genervt a nervt zréck, éiert en eraus geworf gëtt. Léiw, witzeg a fir d’éischte Kéier dësen Owend haten d’Leit eppes fir ze laachen. Dat huet gutt gedoen.

Dréibuch: 3/5
Realisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 3/5


Virus
Regie: Jan Hendrik Bolte
Dauer: 5 Minutten
Präis vum Publikum

E Mann reest Nuets duerch d’Stroossen, ass liicht derlaanscht, geet an eng Tankstell eppes kafen a kritt séng Ëmwelt net richteg mat. Wat ass geschitt? A Réckblenden gesäit een di batter Wourecht, di doran resultéiert, datt säi Frënd doheem doud a bluddeg an der Buedbidde läit. D’Ausso vum Film: “AIDS verännert d’Leit.” Gelift? E schwule Mann kritt vu sengem Frënd gesot, datt en AIDS huet a bréngt en dorops hin ëm d’Liëwen? Ech gi lo kee Kommentar zu sou engem konfusen an einfach nëmme komeschen Dréibuch of; ech wéisst net, wou ech sollt ufänken. Ze bemierken ass nach, datt dëse Clip de Publikumspräis wahrscheinlech just krut, wéll d’Crew proportional zum Publikum zimlech staarkt vertruede war.

Dréibuch: 1/5
Realisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5


Luëwenswärt z’erwähnen bleift, fannen ech, dem Cyrus Neshvad säin YouTube-Channel, op deem een all seng Wierker kann nokucken.

Am Groussen a Ganzen kann ee soen, datt di technesch Qualitéit a Realisatioun vun de presentéierte Wierker nawell gutt erop gaangen ass. Datt den Thema vum Owend awer zimlech a Richtung “Alleng sinn” an “Doud” gaangen ass, huet der Stëmmung vum Publikum awer net grad gutt gedoen. Firwat versichen sech di meescht Realisateuren ëmmer mat däischteren Motiver oder probéieren moralesch/ethesch Froen opzewäerfen. Se sollten dat léiwer de groussen Denker iwwerloossen, déi dat kënnen. Ech vermëssen di léif kléng Iddien, déi Filmer spannend an interessant maachen, Geschichten, di een einfach gären huet an Wierker, di ee gäre géing eng zweete Kéier kucken. Och eng Komedie ka grousse Kino sinn an erfuerdert Kënnen a Geschéck. Nodeems dat technescht Kënnen hei zu Lëtzebuerg op engem gudden, akzeptabelen an duerchaus kompetitiven Niveau ukomm ass, misst an Zoukonft méi an d’Schreiwen vun Dréibicher investéiert ginn, do hapert et nach e bëssen. Vläit ännert sech an där Hisiicht jo eppes fir de Clipstar 2011.

BTVS: Breaking Bad

Thursday, July 1st, 2010

Numm: Breaking Bad
Land: USA
Datum: 2008 – leeft nach

Eng Roulotte fiert mat iwwerhéichter Geschwindegkeet duerch d’Wüst vun New Mexico, eng Box hänkt um Säitespijhel, um Steierrad sëtzt e Mann dee just e Calçon un huet an hannendran rutschen gliëse Fläschen an zwou Läichen hin an hir.

Sou fänkt de Pilotfilm vun “Breaking Bad” un. Et weess een direkt, hei muss eppes Schlëmmes geschidd sin. An domat gëtt och direkt de Grondtoun vun der Serie gesat. Et ass eng realistesch Serie, di éierlech mat hire Personnagen ëmgeet, se sou hëllt, wéi se sin a wou eben schlëmm Saache geschéien.

Em wat geet et? Den Walter White ass ufanks 50, Chimis-prof op enger High-School, huet eng schwanger Fra an e liicht behënnerte Jong. D’Liëwen huet sech net grad an déi Richtung entwéckelt, wéi en et sech a jonke Jore virgestallt hat, mee hien ass trotzdem zefridden. Do gett hie gewuer, datt e Longekriibs huet an net méi laang liewe wärt. Wéi dun säi Schwoer, deen als Polizist am Drogendezernat schafft, en eng Kéier op eng Razzia mat hëllt an hien do en aale Schüler vun em erem erkennt, kënnt him eng Iddi. Fir senger Famill eng, opmannst finanziell, Zoukonft ze garantéiren, deet hien sech (en ass jo Chimis-expert) mam fréiere Schüler, dem Drogefabrikant, zesummen a stell “Chrystal Meth” hir. Dat ganzt dierf seng Famill (a soss keen, besonnesch säi Schwoer) natirlech net gewuer gin. Vun elo un muss een zwee Liewen mateneen jongliéieren; am Privaten ass hien nach ëmmer de brave Familjepapp a Prof, dee vu jhidderengem ënnerschaat gëtt an am Geheimen klëmmt hien zum Drogeboss vun der Stad op a muss heiansdo moralesch zimlech fragwürdeg Décisiounen huelen. Dat mam Drogegeschäft ass nämlech net sou einfach. Wéi kritt een d’Wuer un den Junkie? Wéi gëtt een a kuerzer Zäit sou vill wi méiglech lass? An d’Konkurrenz schléift natirlech och net an iergendwann gëtt souguer e mexikanescht Kartell op en opmierksam.

Et ass eng Serie, di herrlech absurd, surrealistesch, kafkaesk Situatioune beschreiwt. Se weist wéi Mënschen méngen, eppes Guddes ze din an d’Mëttelen dozou hinnen egal sin. D’Protagonisten leiden permanent un de Konsequenzen vun kléngen Aktiounen, di se mol virun laanger Zäit geholl hun. An all kuerzzäiteg Verbesserung zitt anscheinend rem eng laangzäiteg Verschlechterung mat sech. Trotz all dem Elend weist d’Serie awer och di mi schéi Momenter, all Personnage huet och eng gudd Säit u sech, keen ass komplett gudd oder béis. Duergestallt gëtt dat awer net mam üblechen “et gëtt kee schwaarz/wäiss, just gro”, mee éischter ouni moralesche Fanger. D’moralesch Iwwerléeungen vun all Aktioun sin dem Spectateur iwwerlooss an awer och net zwéngend noutwendeg. Et kann een d’Serie och sou genéissen ouni mussen sech ze froen, op ee sélwer sou a sou réagéiert hätt an op dat dann och an der Reih gewiescht wir. Eng kriddeleg Fro, wann verschidden Aktiounen, egal wéi noutwänneg sin an een net de Luxus huet, sech des Fro ze stellen.

Filmtechnesch gesin ass d’Serie ganz grousse Kino. Visuell sin d’Biller éischter bescheiden, et gëtt net grouss mat Effekter geprahlt. D’Szenerie wirkt éischter roueg an heiansdo genéisst een och einfach mol nëmmen e puer Sékonne laang e Sonnenopgang an der nei-mexikanescher Wüst. Gréisstendeels ouni Musek, wat eng wëllkommen Ofwiësslung zum akusteschen Owerflow vun aanere Serien ass. D’Hektik entsteet réng duerch d’Dréihbuch, dat exzellent Geschichten présentéiert. D’Personnagen wirken réell, réagéiren realistesch a net ëmmer sou, wéi een et heiansdo gären hätt. Genau sou sin och d’Dialoger, di net “over the top”, awer och net op den dëmmste gemeinsame Nenner erof bruecht sin. Et gi Saache gesot, déi ee sou sélwer och ging soen.

Et ass keng Serie fir d’ganz Famill (op kee Fall fir Kanner) an am Ufank brauch een e puer Episoden, fir an d’Geschichten eran ze kommen. Duerno gëtt een awer dann mat aussergewéinleche Situatiounen an exzellente Schauspiller belount. Besonnesch opfaalen din den Aaron Paul als jonken Nowuess-schauspiller an den Bryan Cranston (bekannt als Papp aus “Malcolm In The Middle”), deen mat enger quasi perfekter Gesiichtsmimik, vill seet ouni mussen ze schwätzen. Aktuell ass grad di drëtt Staffel eriwwer an et ass fir d’nächst Joer schon eng véiert bestallt. Dat Ganzt leeft um amerikaneschen Pay-TV-Sender “AMC”, et brauch een also net ze färten, datt verschidden Wiërder ausgebleept gin. Kuckt iech et un!

move it!

Thursday, June 10th, 2010

12 stonne rock fir de Foyer Ste Elisabeth

Thursday, May 27th, 2010

3 Juli 2010
Kulturfabrik Esch/Uelzecht
bal eng Dose Museksgruppen
fir e gudden Zweck
12 Stonne Rock

Anthem of the Sun +++ STOP +++ Zero Point 5 +++ STOP +++ I Spy Apocalypse +++ STOP +++ Ophidian +++ STOP +++ Everwaiting Serenade +++ STOP +++ Kate +++ STOP +++ Medley Jukebox +++ STOP +++ Heartbeat Parade +++ STOP +++ Kitshickers +++ STOP +++ DIE ANARCHISTISCHE ABENDUNTERHALTUNG (DAAU)

eemaischen 2010

Monday, April 5th, 2010

Dest Joer op der Stater Eemaischen: den Hirsch aus dem Kulturjoer an d’Gëlle Fra als Péckvillchen. Serieux. Kee Witz.