Archive for the ‘Kultur’ Category

Clipstar 2008

Sunday, June 8th, 2008

Gëschter Owend wor d’2008er Versioun vum Clipstar-Kuerfilmfestival an ech versichen mol hei, d’Événement sou ze bechreiwen, wéi ech et erliëwt hun. Ech kinnt dat Ganzt scho baal “Angscht a Schrecken™ am Ciné Sura” nennen, wann net schon en aanere Blog dat ëmmer ging maachen.

Begréisst gouf ech un der Dir vum Thorben, dee schon hin an hir gehetzt ass, fir datt alles sollt perfekt fonktionéiren. Ech hat mer den Ticket op mocom.lu bestallt a kruut deen per SMS geschéckt. Do war sou e kléngt Bildchen vun engem 2D-Barcode dobäi an ech duëcht, déi hätte lo bestëmmt eng hypermodern Apparatur, fir deen ze scannen. Fir mäin Keessenticket hun ech dunn awer just misste mäin Numm nennen; ech war scho bal enttäuscht.

Et war méng éischte Kéier, datt ech an de Ciné Sura zu Iechternach wor an ech wosst net, wat mech do ging erwaarden. E kléngen, iwwerdaachten Bannenhaff, wou een am Drëpsschlaag sëtzt? En donkle Keller, wou niëwent engem d’Heizungsanlag dröhnt? Sou war et dunn awer guer net an ech war iwwerrascht, wéi gudd dee schéine a bequeme Sall mat modernster Technik équipéiert war.

Et waren éischt eng Dozen Leit am Sall an ech hu mer dunn mol d’Fräiheet geholl, mech an di zweetläscht Reih ze setzen. Datt ech domat genau firun der Jury souss, ass mer éischt härno opgefall. De “Rescht” vum Publikum war zimlech gemëscht. Natirlech woren d’Crewen vun de meeschte Filmer do, awer gréisstendeels schéngen sëch vill Leit kannt hun. Ausser dem Thorben, gouf ech sélwer just nach vum Federico erbléckst; ech hätt deen wuel net erkannt, ech weess net firwat, mee Gesichter verhaalen ech mer éischter schlecht.

Kuerz éier et lass goung, koum een mat engem Kuerf voll Glaçen duerch d’Reihen. Ech koum mer rem vir wi e kléngt Kand, wou och nach de Glaçeverkeefer an de Kinosall sélwer era koum. Am grousse Kino um Kierchbierg oder séngem éelere Brudder um Lampertsbierg gëtt et dat jo net méi.

Den Thorben huet dunn och duerch den Owend geféiert, d’Kategorien ugesoot an den aktuelle Spillstand vun den EM-Matcher duerch gin. Séng Moderatioun wor sympathesch an huet och kee Blaad firun de Mond geholl (“…e méi oder manner kompetenten Dan Spogen…”, “…am Jury sëtzt deen Här, deen sëch traut Andy Bausch-Filmer eraus ze bréngen…”).

De Jury sélwer bestoung aus enger Reih bekanntener Persounen wi dem Joy Hoffmann, Tanja Frank, Paul Thiltges, Michael Dohrmann a Carlo Thiel. Nofoljhend beschreiwen ech lo méng perséinlech Kritiken a Bewärtungen vun de Filmer, di gelaaf sin. D’Filmer sin an deene Kategorien présentéiert gin, an deenen së agereecht goufen.

Kategorie KOMÖDIE

Le désir des choses
Regie: Option Média LCD
Produzent: Jean-Roland Lamy-Au-Rousseau
Dauer: 5 Minutten

E léiwen Stop-Motion-Animatiounsfilm vun enger Lycéesklass. Eng Bürosluut schwätzt mat aaneren Haushaltsartikelen a versicht d’Welt z’erforschen. Fir eng Schoulklass ass de Film gudd réaliséiert, awer net besonneg. Genau dat, wat een sëch ënnert sou enger Zort Projet ging firstellen.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 2/5

Bordun
Regie: Pierre Hansun
Dauer: 27 Minutten

Ee vu méngen perséinleche Favoriten vum Owend: Eng Fra huet eng Reih vun Virstellongsgespräicher an enger Welt, di kënschtlech Schniëwel keeft an ëmmer mi verréckt gëtt. Scho bal professionnell Mise-en-scène, gudd Schauspiller an en iwweraschend gudd a konsistent Dréibuch féiren een als éischt an d’Irre, sou datt ee méngt, et wir just eng Uneneenreihung vun skurril/absurden Szenen. Lues a lues ergëtt sëch dann awer e Schema, deen duerch eng tragikomesch Finale bestätegt gëtt.
Dréibuch: 5/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 5/5
Jurypräis fir di bäschten Komödie.

Kategorie DRAMA

Lei, lui e l’altro
Regie: Steve Hoegener
Produzent: Sacha Bachim / Feierblumm
Dauer: 7 Minutten 30 Sekonnen

Hien ass an hatt verléift, hat kifft an dreiwt et awer mat engem aaneren, asw… Eng relativ banal Geschicht, mee kënschtleresch interessant duer gestallt. Et ass net direkt Stop-Motion an awer mi séier wi eng Slideshow; doduerch entsteet en interessanten Effekt, dee gekonnt d’Szenen ënnersträicht. Den Asaatz vun Filteren léisst eng liicht surrealistesch Atmosphère entstoen. D’Musek wor plaatzeweis ze haard an huet domat zimlech ofgelenkt.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Jurypräis fir de bäschten Drama.

Passengers
Regie: Nadia Masri
Produzent: Sandra Laborier an Nickel Bösenberg
Dauer: 5 Minutten

Enger Prostituéierter hir Rees duerch d’Staad bis së schlussendlech vun engem Freier opgegraff gëtt, deen nom Akt vun sénger Famill ugeruff gëtt an hir erziëlt, datt en nach ze schaffen huet. Gudd inszenéiert, mee näischt Besonnesches. D’Geschicht ass och net immens originell an et fehlt och iergend wéi eng Pointe/Lektioun/Message. Opmannst ass mer keen opgefall; et fehlt iergendwéi en Enn.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5

30 von 128
Regie: Patrick Dörnig
Dauer: 9 Minutten

E Student zu Tréier fënnt op der Uni en USB-Stick mat perséinlechen Donnéen drop. Hien forscht no, wéi enger Persoun e kinnt gehéiren. Hien kënnt mat deem gefonntene Meedchen zesummen, andeem’s en di Donnéen benotzt a wonnert sëch dann härno, wann hat hien gegoogled huet. D’Iddi ass net schlecht, regt zu Iwwerléeungen un, mee féiert dat net konsequent aus. Technesch gesin, sin e puer interessant Szenen dran (Masken faalen vun onbekannte Persounen erof, soubal hien hir Nimm liëst), mee huet besonnesch am Ufank zimlech Längten.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5

Ricky
Regie: Mike Tereba
Produzent: Mike Tereba
Dauer: 9 Minutten

E Prof gëtt sénger Schoulklass éischt no enger ganz extremer Moossnahm Meeschter. E bessen hun ech mech un “Donnie Darko” erënnert gefillt, wann de Prof Virbueten vu sénger Dod gesäit. Mat Virblenden versin, entsteht en interessante Puzzle, wou ee lues a lues eraus fënnt, wéi et dozou konnt kommen. Eng gudd Inszenéirung, déi net vill versprëcht, mee dat awer gudd eriwwer bréngt.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5

Kategorie DOKU

2 indisch Päerlen
Regie: Christiane a Fernand Thinnes
Produzent: Christiane a Fernand Thinnes
Dauer: 11 Minutten

Eng Kritik: dee Film ass 11 Minutten ze laang. Mam Charme vun engem Diasowend bei de Schwéierleit kritt een hei eng Indierees presentéiert, déi op zwou Plaaze goung, deenen hir Nimm ech net mol mat kruut. E Collage vun verschiddenen statesche Vuen (di een och an engem Photoalbum kinnt erem fannen), eng monoton firgedroen Liësung vun engem Text, deen een och hätt kinnten an engem Guide no liësen an Informatiounen, mat deenen een näischt kann ufänken (“…do goufe mir mat Informatiounen erschloen.” -> Gelifft? Wéi eng Informatiounen woren dat dann?, “…dee schnéiwäisse Palast…” -> Um Video gesouch deen awer zimlech donkelgro aus. Ass dat di richteg Plaaz?) hun hiert dozou bäi gedroen, datt net nëmmen de Publikum, mee och d’Jury sichtlech gelangweilt war. Réng technesch gesin vläit eng Dokumentatioun, awer net vum Inhalt hir.
Dréibuch: 0,5/5
Réalisatioun: 1/5
Gesamtbewärtung: 1/5

Bleif faarweg
Regie: Élèves du LTMAP
Produzent: Comité Spencer
Dauer: 3 Minutten

E witzege klénge Film mat animéierten Plastilinsfiguren, dee wuel eng Anti-AIDS-Kampagne sollt sin. Wat en am Beräich DOKU ze sichen hat, weess ech och net. D’Logik vum “farweg bleiwen” hun ech net verstaanen, wéll an der gewisener Szene (se maachen eng Kéier ouni Gummi -> d’Welt gëtt gro, dann mat Gummi an alles bleiwt farweg) sin d’Personnagen, di eenzeg gewiëscht, di faarweg bliwwe sin. Also misst et dem Film no jo eigentlech egal sin, op mat oder ouni Gummi?
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
Jurypräis fir di bäschten Dokumentatioun

Giu, nelle cieche tenebre
Regie: Sacha Bachim, Manuel Castellani
Produzent: Feierblumm
Dauer: 16 Minutten

Deen eenzeg richtegen Documentaire iwwert italienesch Minenarbechter am 20. Jorhonnert. Zäitzeien erziëlen vun hiren Grousspäpp, Päpp an sëch sélwer, wéi schwéier s’ët haaten, wi si op Lëtzebuerg komm sin, nom éischten an zweete Weltkrich an bis an d’70er Joren eran. Komplett op italienesch mat franséischen Ënnertitelen. Schéi mat Biller vun domols an aktuelle Videoen ënnerstrach. Di interessant Thematik geréit no enger Zäitchen awer a Richtung Beruffsbetraffenheet, wann d’Leit ufänken vu Rassismus ze schwätzen.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 4/5

Kategorie ACTION

Darkness of the red Light
Regie: Claude Hoffmann
Produzent: Sacha Bachim / Feierblumm
Dauer: 15 Minutten 35 Sekonnen

D’Dréibuch zu desem Film ass wuel entstaanen, wéi d’Carapio (Scouten) vum Houwald op engem Weekend keng Ahnung haaten, wat se sollte maachen. D’Geschicht ass déi vun engem Nuëtsrallye, dee liicht schiif geet. Leider hënnert dat fehlend technescht Wëssen iwwert d’Filmkonscht zimlech graff a kann och net vun engem onoriginellen Dréibuch oflénken. Wann een e Lagerfeier filmt, sollt een d’Kamera op di richteg Hellegkeet astellen, soss gesäit ee just d’Feier a gro Ëmrësser, wi dat hei am Film de Fall wor. Genausou brauch bei deem Lagerfeier jhiddereen e Mikro oder muss nosynchroniséiert gin; am Film konnt ee just d’Knacken vum Feier héieren an heiansdo mol deen een oder aanere pësperen.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 1/5
Gesamtbewärtung: 2/5

A Demon in my View
Regie: Laurent Prim a Paul Kohn
Produzent: Feierblumm
Dauer: 15 Minutten

En dramaturgesch a filmtechnesch ganz interessante Film iwwert eng gestéiert Perséinlechkeet. Eng ganz Reih vun originellen Szenen, di nëmmen sou mat symbolträchtegen Metapheren geschwängert sin. Leider iwwerhiëft sëch de Film zimlech zum Schluss an wirkt, O-Toun Joy Hoffmann, prätentiös. Wat d’Wiërk genau wëll vermëttelen, erschléisst sëch mir net. Et gëtt wuel drop spekuléiert, datt et dem Spektateur wéi mir geet an sëch denkt, e wir eben ze blöd, fir d’Ausso ze verstoen.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 4,5/5
Jurypräis fir di bäschten Action

Kategorie MINICLIPS

Volonté de fer
Regie: Michel Frizaine
Produzent: Sehnerv
Dauer: 4 Minutten 10 Sekonnen

Wat gelifft? Ech hun glad a guer näischt verstaanen. De Film (deem séng däitsch Iwwersetzung “stählender Wille” ass (méng éischt Assoziatioun war eppes mat “Triumph des Willens”)) weist eng Kamerafahrt op enger Seelbunn zu Toulon. Um Gipfel ukomm, kritt een eng Koppel Plastiksstiwwelen présentéiert. Am zweeten Deel sin d’Plastiksstiwwelen (di zu enger Plastiksbox wi d’Fëscher se droen gehéiren) op engem Baam opgehaangen, wéi wann se kéng Loscht méi gehaat hätten. Ech hat och keng Loscht méi an hun dunn just nach iwwert dat Kräiz mat Blummen um Stroossegruëf gerätselt. Ass do een ëm d’Liëwe komm? Wa jo, wat hat dat mat deem firdrun ze din?
Dréibuch: 1/5
Réalisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 1,5/5

Fish
Regie: Ralf Kohr
Produzent: Sehnerv
Dauer: 4 Minutten 5 Sekonnen

Um Schluss huet den halwe Kinosall mat geruff: “Fish, fish…” Ech huelen un, datt et sëch beim Wiërk em e Videoclip zum Lidd gehandelt huet. Eng Blondinn geet op allméiglech Art a Weise fëschen. Vun der Inszenéirung simlech dem Film firdrun ähnlech.
Dréibuch: 1/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 2,5/5

Bad Boys gone bad
Regie: Sébastien Gudenberg
Produzent: Liberium Films
Dauer: 4 Minutten

Dräi Bouwen hate wuel enges Nomëttes d’Iddi hir Kamera aus ze probéiren. Mat wéineg Opwand an enger witzeger Iddi hun se dun en ënnerhaltsame Clip produzéiert, deen erstaunlech gudd beim Publikum ukomm ass. En iwweraschent Enn huet säint dunn dozou bäi gedroen. Wië seet, datt gudd Filmer mussen vill Arbecht a Ressource verlangen?
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Publikumspräis fir de bäschte Film

Machtlos
Regie: Andreas Britten
Produzent: Andreas Britten
Dauer: 1 Minutt 20 Sekonnen

E kléngen, vun der Inszenéirung hir zimlech minimalistesche Film iwwert engem Futtballist séng verluëren Dreem. Net immens originell a relativ einfach gehaal. Huet mir net gefall; ech duecht zum Schluss, war dat lo alles? Di iwweraschend Wende, wor guer net sou iwweraschend, wéi sëch dat den Auteur wuel firgestallt hat.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 1/5

Nosferatu
Regie: Olivier Koos
Produzent: Patrick Vedie
Dauer: 2 Minutten 29 Sekonnen

E Film, bei deem all Beschreiwung quasi engem Spoiler gläicht. En absolute Muss fir all Filmfan, derer d’Réalisateuren wuel sélwer och sin. Esou vill Witzer op sou kuerzem Zäitraum an eng gekonnt Inszenéirung, déi gläichzäiteg eng Hommage un dem Murnau säin Nosferatu ass, hun dese Clip zu méngem Favorit vum Owend gekréint.
Dréibuch: 5/5
Réalisatioun: 5/5
Gesamtbewärtung: 5/5
Jurypräis fir de bäschte Miniclip

Party 84
Regie: Patrick Döring
Dauer: 3 Minutten

Styroporéeër danzen zum Lidd “Party 84″. Einfach nëmmen gudd a bizarr Ënnerhaalung. E schéinen Ofschloss vum Owend.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 3,5/5

D’nächst Joer gesi mer eis hoffentlech rem op deser Plaaz. Eddi a Merci.

streetart has a posse

Sunday, May 25th, 2008

De Fireball huet mech op e neie Blog opmierksam gemaat, deen sëch ëm d’Streetart zu Lëtzebuerg bekëmmert. U sëch kinnt ee méngen, datt sou eppes hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong ging stiëchen, mee an de läschte Joren si mer relativ vill Beispiller dozou opgefall, z. Bsp. de bloen Hirsch vum läschte Joer a séngen verschiddenen Variatiounen.

Wéi ech firun e puer Méint op d’Porte Ouverte am neien CNA (net ze verwiësselen mat C&A) wor, hat ech am Skaterpark zu Dudetown geparkt. Do ass anscheinend nawell eng zimlech grouss Graffitiszene amgaangen sëch flott z’ameséiren. Ënner aanerem woren awer och Dréck vum Mittal an Thierry Vanwerveke ze gesin. Den éischten hat e puer Vampirzänn verpasst kruut an huet wi aus dem “Mittalalter” gewiërkt. Den Thierry huet eng Posse hannert sëch geschleeft.

Wien kennt nach Beispiller oder huet passend Photoen?

Heavy Mittal
Johnny Chicago has a posse

second bock

Wednesday, April 23rd, 2008

Di mi eeler Liëser erënneren séch vläit nach un Second Life, eng online 3D-Welt, ronderem déi et 2006 an 2007 nawell e groussen Hype gouf. Ma, anscheinend existéiert dat alles nach an ass weiderhin um Floréiren. Et het séch souguer eng gréisser lëtzebuergesch ‘Community’ gebild (de Grupp “Lëtzebuerg”, deen ech Mëtt 2006 gegrënnt hat, wor net grad sou erfollegräich, duerfir gin et der lo awer eng ganz Reih aanerer). Besonnesch de lëtzebuergesche Muséker “Cyberpiper” ass do erfir ze stiëchen, deen séch am Moment zesumme mat aanere Fräiwëllegen a mat Hëllef vum Katasteramt ameséiert fir eng virtuell Rekonstruktioun vum Bockfiëls (wou di ursprünglech Buerg Lëtzebuerg stoung) ze bauen, respektiv ze “builden”, wi dat op “Second Lëtzebuergesch” heescht. Hei ass e Snapshot vum 22. Abrëll 2008, dat Ganzt ass awer nach laang net färdeg. Dat Bloot am Hannergrond ass iwwregens d’Miër, wéll eng virtuell Belsch gëtt et, ménges Wëssens no, nach net.



faarweg biller

Saturday, March 29th, 2008

Desen Artikel op boingboing.net iwwert d’Photosaustellung vun amerikanesche Biller aus de 70′er Joren am CNA zu Diddeléng, huet méch op dem Photograf séng Websäit opmierksam gemaat: American Pictures. Hien verweist do op eng aaner Säit, wou en d’Frëndschaftlechkeet beschreiwt, mat där en am Ku-Klux-Klan empfaange gouf. Als éischt méngt een, et wir Satire; dann kënnt een éischt drop, datt dat alles eescht geméngt ass. An zum Schluss miërkt een, wat fir eng Lektioun a Punkten Rassismus a Virurdeeler de Photograf domat wëll gin. En interessante Konzept, deen awer keng eendeiteg Konklusiounen zouléisst. Ech hun d’Ausstellung net gesin, mee ech froe mech, op den CNA domat méi hätt kinnten Reklamm maachen, anstatt just eng weider Billerausstellung vun engem bestëmmtenen soziale Beräich. Wir et dann och vläit kontrovers opgeholl gin?

bommestëmmung

Wednesday, January 23rd, 2008

E neien Stär ass um lëtzebuerger Websäitenhimmel opgaangen. Knuppefreedia.lu ass eng Enzyklopédie mat Wiki-Fonktiounen iwwert d’lëtzebuerger Rock-, Metal- an Alternative-Szene, wou jiddereen kann säin Wëssen bäi droen. En interessante Projet, deen et an där Form (ausser der Wikipedia) hei zu Lëtzebuerg wuel nach net gëtt. Am Moment ass d’Säit nach e bëssen eidel, mee dat wärt sëch wuel geschwënn änneren. Do steet awer méi drop, wi een op den éischte Bléck gesäit, et muss ee just richteg kucken.

Link

124 C 41+

Wednesday, October 3rd, 2007

Den 27. an 28. Oktober 2007 fënnt zu Mamer den éischten lëtzebuergeschen Science-Fiction-Dag statt. Erënnert gëtt do ënner aanerem un de gebirtege Lëtzebuerger Hugo Gernsback, den Erfanner vum Terme “science fiction” an eng Reih Konferenzen iwwert allméiglech Beräicher gin ofgehal.

Link

ënnert de wolleken

Wednesday, August 15th, 2007

Alles fir den Hobby-Planespotter fënnt een op desem Site. Eng nawell net kléng Kollektioun vun Flijherphotoen, déi op eisem nationalen Fléihaff gemaacht goufen plus Tippen, wou een am beschten sou Photoen kann sélwer maachen. Avis aux amateurs!

Link

séng nuddeleg unhängsel

Monday, August 6th, 2007

Pastafari si keng no Jamaica ausgewandert Italiener. Nee, et sin Unhänger vun der Kiirch vum fléienden Spaghettimonster. Lëtzebuerg huet lo och sou eng Kiirch. Do gëtt geléiert, datt d’Welt vun engem fléienden Spaghettimonster erschaafe gouf. Firwat och net. Beweist mol de Géigendeel! Färdeg!

Link

hirsch mat 18 lächer

Wednesday, June 27th, 2007

Vläit huet schon een di Plakater an der Staad gesin, di een net direkt erkenne loossen, wat se engem wëlle matdeelen. Den "trans(ient) city project" wëll eng Kaart vun der Staad erstellen, di engem hëlleft, sëch säi Wee duerch d’Staad Lëtzebuerg ze golfen. Fir Leit, di net wëssen, wat se soss mat hirer Zäit sollen ufänken.

Link

rrrradio

Wednesday, June 20th, 2007

Et woren wëll Zäiten, d’80er, opmannst op de nationalen Radiowellen. Piratensender haten d’Frequenzen méi oder manner am Grëff. Wi d’Poliss éischt huet missten agréifen, sin d’Megahertzen just sou no riets a lénks geflunn. De Radio LNW huet eng Iwwersiicht vun den bekanntesten Senderen an hirer Geschicht zesumme gestallt, gewürzt mat Dokumenter a weideren Linken.

Link