Eng Fro, déi ech mer heiansdo stellen ass, wéi wäit den Afloss vum Internet hei zu Lëtzebuerg geet.
An Däitschland ass d’Diskussioun opkomm, datt d’Blogosphäre zum Récktrëtt vum däitsche Bundeskanzler gefouert huet. Séng Remarque ass am Ufank vun den traditionelle Medien (Zeitung, Radio, TV) guer net oder just wéineg opgegraff gin. Wéi dunn ower op enge sëlleche politesch- wéi medien-interesséierte Blogen iwwert d’Ausso diskutéiert ginn ass, wor et och op eemol en Thema fir d’Zeitungen (besonnesch de SPIEGEL). Natierlech kann ee lo soen, datt et einfach e puer Deeg gedauert huet, bis sech eng Meenung doriwwer konnt entwéckelen an den Internet ebe méi aktuell ass, wéi eng wöchentlech Zeitung. Trotzdem konnt d’Diskussioun um Internet während den decisiven, meenungsbildenden éischten Deeg dat Thema an eng bestëmmte Richtung lénken, aus där et di aner Medien dunn net méi eraus kruten. Dest ass natierlech och just méiglech, well et an Däitschland eng ganz Rei vun Säite gin, di zwar deelweis banal, mee oft och professionell iwwert d’Politik beriichten. Dobäi ass et egal, aus wéi enger Richtung se kommen (lénks, riets, Mëtt…) an op se versichen objektiv ze beriichten oder subjektiv Meenungen un de Mënsch ze bréngen. Tatsaach ass, datt eng Diskussioun statt fënnt.
Hei zu Lëtzebuerg dogéint, schéngt sou eng “Online-Kultur” vum Diskutéieren quasi inexistent ze sinn. Eng Rei vu Blogen (di och an der Blogbuerg ze fanne sinn), probéieren zwar vun Zäit zu Zäit dat eent oder anert Thema un ze schneiden. Eng Handvoll Leit diskutéieren dann e puer Deeg doriwwer, mee gréisseren Afloss an d’”Leit-Medien” ass net direkt ze fannen. Verschidde Säiten widmen sech komplett de politeschen Diskussiounen, mee verdanken hir Existenz ower entweder enger Partei oder soss eng anerer Gruppéierung, di meeschtens an engem bestëmmten politesche Beräich an ze tesselen ass. D’Tendenzen vun den Diskussiounen sinn an deem Fall da scho meeschtens am Viraus kloer.
Ech fannen et och gutt, wann gréisser medial Institutiounen (d’Wort, RTL) net grouss drop aginn, wat all Topjhang mat enger Websäit kann an di grouss, wäit Welt eraus posaunen, mee trotzdem beaflossen verschiddenen Topegkeeten Artikelen, just well den Auteur sech net richteg iwwert d’Verbreedheet vun enger gewësser Iddi oder Laun informéiert huet (z. Bsp. huet virun enger Zäitchen d’Wort iwwert all domm Facebook-grupp bericht, wéi wann se géing d’Meenung vum gesamte Vollek bedeiten).
Wat feelt, sinn Diskussiounssäiten, di och am allgemenge Public bekannt sinn (den Internet ass och zu Lëtzebuerg endlech als Massemedium ukomm) an trotzdem sech net ze vill vun Individuen an eng bestëmmte Richtung zéie loossen. Oder wat bräicht .lu, ärer Meenung no, nach?


