Archive for the ‘News’ Category

luxenu: scientology op der braderie

Monday, September 1st, 2008

Op der heiteger Braderie an der Stad Lëtzebuerg sin net nëmmen Kleeder- oder Schongverkeefer present: och di amerikanesch Sekt Scientology huet hire Stand opgemaat, anzwar am Eescher Bierg firun fréiere Büroen vun der Justiz. Wéi een op der Photo erkenne kann, verkaafen si do Bicher vum L. Ron Hubbard, dem Grënner vun der Sekt an di ominéis Stadpläng, di firun Joren schon eng Kéier hei erwähnt goufen. Wat net hei ze gesin ass, wor de Verkaf vun engem E-Meter, och nach Hubbard Electrometer genannt, mat deem trainéiert Scientologen anscheinend de mentalen Zoustand vun engem “Gleewegen” kënne moossen. Op méng anonym Nofro hin, gouf ech gewuer, datt dee ganze Stand vun “Life Power Luxembourg” organiséiert gëtt. Ob der Staater Union Commerciale bewosst ass, datt net nëmme Wueren, mee och Mënschen op der Braderie ausverkaaf gin? Am Geschäftsverband sin se anscheinend net vertrueden.

Olympesch Spiller

Monday, August 18th, 2008

Och wann ech sélwer bal nach net engem Spill nogekuckt hun (ausser 5 Minutten Veloscourse laanscht di grouss Mauer), fannen dem “Stern” séng Billergallerie mat Photoen vun de verschiddenen Sportarten zimlech faszinéierend. Sämtlech Emotioune sin do representéiert a gëtt all Dag erweidert, sou laang d’Spiller nach laafen. Di Photo vum Janos Baranyai aus Ungarn ass nawell zimlech ellen ze kucken.

something blue

Friday, March 21st, 2008

Haut de Moien um Knuedler:

d’(vel)oh!

Wednesday, February 27th, 2008

Gëschter gouf de neie Velo-system vun der Stad Lëtzebuerg firgestallt, an zwar zu Paräis (wou och soss?). Um offizielle Site (ganz a franséisch gehaal a mat deem engen oder aaneren Schreiwfehler vun lëtzebuergesche Nimm) kann een séch registréiren, fir op eng vun den 25 Plaazen uëchter d’Staad séch kënnen e Velo ze léinen, deen eng hallef Stonn gratis ass. Den Abonnement kascht awer och schon. Duerfir kruut d’Staad awer eng sëlleg nei Reklamstafelen opgestallt. U séch also de richtegen Zäitpunkt, fir de Velo aus dem Keller ze huelen a (bal) gratis sou laang ee wëll duerch d’Staad ze fueren.

Link

good idea?

Friday, November 30th, 2007

Good Idea

Fir déi, di et net kënne liesen: um T-Shirt steet “www.goodidea.lu”. Dat ass de neie Slogan vum Staater Geschäftsverband lëtzebuerger Commerce. Duerfir hänke lo um Knuedler a firum Palais rosa a schwaarz T-Shirter. Vu wäitem méngt een, et wir eng Aktioun vun “Point24″. Anscheinend ass Rosa dat neit Schwaarz.

Link

promi(lle)

Monday, October 15th, 2007

No “Lëtzebuerg Privat” kënnt lo den nächste Streech vun der nationaler Boulevard-press op de Maart. “Promi Lëtzebuerg” heescht dat Wonnerwierk vun Nullegkeet, mat gewinnt schlecht “recherchéierten” “Artikelen” a Biller vun angeblechen “lëtzebuergeschen” “Baurefraaen”. Eppes, fir dat sëch sougenannt C-Promien kënnen sélwer op d’Schëller klappen, wéll si et lo endlech an eng “Zeitung” geschafft hun. De Link dozou, gëtt et natirlech net op deser Plaaz (googlen kann jiddereen sélwer). Einfach aus Prinzip, mee duerfir en aaneren. Promi.lu ass nämlech eng ganz aaner Säit.

Link

dat wiesentlescht?

Wednesday, October 10th, 2007

Vun haut un soll eng gratis Zeitung zu Lëtzebuerg mam Numm “L’essentiel” verdeelt gin (EWL huet nach näischt dovun gesin). Eraus gin, gëtt des Publikatioun vun Edita SA zu Déifferdéng. Zum Inhalt a Qualitéit vun den Artikelen soll op deser Plaaz näischt gesoot gin. Z’erwähnen bleiwt, datt de Verlag Saint-Paul (d’d'Wort) an e puer Wochen och sou e Bliëdchen wëll verdeelen, anzwar mam Numm “Point24″. Béid Zeitungen wärten op franséisch sin. Steet geschwënn di lëtzebuerger Versioun vum Kölner Zeitungskrieg firun der Diir?

Link 1
Link 2

domm gaang

Monday, August 27th, 2007

Den Déifferdénger Killturm war nawell en zimlech stuure Kapp a wollt net an déi Richtung faalen, wéi e sollt.

séng nuddeleg unhängsel

Monday, August 6th, 2007

Pastafari si keng no Jamaica ausgewandert Italiener. Nee, et sin Unhänger vun der Kiirch vum fléienden Spaghettimonster. Lëtzebuerg huet lo och sou eng Kiirch. Do gëtt geléiert, datt d’Welt vun engem fléienden Spaghettimonster erschaafe gouf. Firwat och net. Beweist mol de Géigendeel! Färdeg!

Link

gliddeg staad

Thursday, July 12th, 2007

Vun haut un gëtt vun der Staad Lëtzebuerg e gratis Wireless-Réseau zur Verfügung gestallt. Wien also vun elo un mam Laptop um Knuëdler wëll surfen oder op enger Terasse op der Plëss wëll eng Email verschécken, kann dat lo maachen. Oder awer och net an einfach säin Iëssen, Patt oder Kaffi genéissen.

Link