Archive for the ‘News’ Category

monarchie

Friday, June 22nd, 2007

Haut ass ganz nei a pünktlech fir de Nationalfeierdag den offizielle Site vum groussherzoglechen Haff online gaangen. Mat engem gudd gefëllten Inhalt informéiert d’Säit iwwert d’Aktualitéit, d’Famill an d’Fonktiounen vun der Monarchie.

Link

héich eraus

Saturday, June 2nd, 2007

Net nëmmen an der Satellitentechnologie ass Lëtzebuerg e weltwäiten Virreider; och an der Zoukonftsvisioun vum Weltraumlift wëll Lëtzebuerg vun Ufank un dobäi sin. Nodeems sëch soss nach keng Natioun sou richteg un dat Thema eru getraut huet, gëtt dest Joer am November den weltwäit éischten Workshop zum Thema “Space elevator” vum Nationalen Fuerschongsfonds ofgehaal. E Beräich, dee vill Méiglechkeeten versprëcht, wéll wien brauch nach Rakéiten, wann e kann mam Lift an de Weltraum erop fueren?

Link

luxtube

Wednesday, May 9th, 2007

Et huet net laang gedauert, Lëtzebuerg huet lo och eng eegen Multimediaplattform fir Video an Audio dem breeden Publikum zur Verfügung ze stellen. Podium.lu bidd desweideren d’Méiglechkeet fir Video- Photo- oder Audiocasten un. Och wann nach deen een oder aanerenBug ze fannen ass, schéngt dat awer eng interessant lokal Alternative zu deenen groussen Konkurrenten ze sin.

Link

konschtkanal

Sunday, April 29th, 2007

Artchannel gesäit sëch als Online-Video-Kultur-Magazin vu Lëtzebuerg. E Blog mat den neisten Informatiounen iwwert di lëtzebuerger "Konscht-szène" op franséisch, ën Agenda an d’Méiglechkeet fir Artisten, Reklamm fir di eegen Aktivitéiten ze maachen rënnen d’Angebot oof.

Link

himmel op der ärd

Tuesday, April 10th, 2007

Am Kader vum Kulturjoer 2007 hunn Jonker aus der Groussregioun fir de Projet “Paradies” am Staater Quartier Bouneweg fënnef temporär Gäert opgestallt. Des Installatiounen wärten nach de ganze Summer iwwer ze besichtegen sin.

Klouschterpaart

Link

schleichwerbung

Wednesday, March 14th, 2007

U sëch sollt dat op desem Site net sou oft virkommen, mee hei gëtt lo och Reklamm gemaat. An zwar fir den Little Woodstock Festival deen zu Iernzen am Juni 2007 statt fannen wärt. Jonk lëtzebuergesch Gruppen spillen do Metal, Rock, Alternative, Reggae, Ska, Blues, Pop-Rock oder Ähnleches. Ech hu lo keng Ahnung, op di Gruppen di do optriëden gudd sin (et gin och nach weider Schülerbanden gesicht), duerfir kuckt iech de Site einfach mol un.

Link

media bomb

Wednesday, February 7th, 2007

Gëscht wor d’hallef Staad Lëtzebuerg wéngst engem Bommenalarm gespaart. Als éischt hat ët geheescht, Gemengenarbechter hätten bei der däitscher Ambassade eng Këscht vergiëss an dunn wir natirlech direkt mol als éischt ugehol gin, datt dat eng Bomm wir. Iergendwéi huet dat mech dunn un eng Kampagne d’läscht Woch zu Boston erënnert (Stëchwuërt: Mooninite); eng Guerilla-reklamm fir eng Cartoonserie hat do ähnlech Auswirkungen. Als Gag hat ech lo fir, foljhend Photomontage hei ze posten, mee leider ass meng Iddi vun der Realitéit ageholl gin. Dat gëscht wor nämlech och ë Publicity-Gag.

Moonilux

Ët stellen sëch mir awer verschidde Froën dobäi:
- Ech weess net, wéi di 50 Objeten ausgesin hun (Këschten?), mee firwat gëtt par défaut mol dovun ausgaangen, datt ët direkt Bomme missten sin?
- Firwat gouf néirens an de Medien (Internet, Radio, Traffik Info) drop opmierksam gemaat, datt een net soll an d’Verkéiersgewulls an der Staad fuëren? Kruuten d’Medien do ë Maulkuërf, fir datt d’Police sëch net ze vill blaméiert? Éischt spéit Owes, wi schon alles riwwer wor, gouf dunn och driwwer bericht.

blo(g) hirsch

Sunday, February 4th, 2007

De bloën Hirsch vum Kulturjoër 2007 huet zënter kuerzem och ën offizielle Blog, wou ën iwwert di verschidden Événementer informéiert.

Link

bambi-blue

Tuesday, December 12th, 2006

D’Eröffnungsparade vum Kulturjoër 2007 de läschten Samschdeg an der Staad Lëtzebuerg, wor fir di lokal Hirschpopulatioun ë vollen Erfolleg. D’Friichten dovun wärte mer anschéngend (dem Bild no) ëm den 9. September 2007 gesin.

Gehirschs

ho-ho-ho… ah nee, de falschen

Wednesday, December 6th, 2006

Aus offensichtleche Grënn gett ët haut ë Link vum Dag. Einfach, kloër an ausféierlech. Wien wëll do méi? (Ausser vläit Schokola am Stiwwel)

Link 1
Link 2