Archive for the ‘Nonsens’ Category

good idea?

Friday, November 30th, 2007

Good Idea

Fir déi, di et net kënne liesen: um T-Shirt steet “www.goodidea.lu”. Dat ass de neie Slogan vum Staater Geschäftsverband lëtzebuerger Commerce. Duerfir hänke lo um Knuedler a firum Palais rosa a schwaarz T-Shirter. Vu wäitem méngt een, et wir eng Aktioun vun “Point24″. Anscheinend ass Rosa dat neit Schwaarz.

Link

kopplabunz

Tuesday, October 30th, 2007

EWL-Lieser brauchen net bis di nächst Wahlen ze waarden, fir Politiker kënnen d’Kopplabunz schloen ze gesin. An desem Fall ass et den Här Minister Biltgen am Hotel Maritim zu München op der REEL 2007.

(via Grommel deLuxe)

promi(lle)

Monday, October 15th, 2007

No “Lëtzebuerg Privat” kënnt lo den nächste Streech vun der nationaler Boulevard-press op de Maart. “Promi Lëtzebuerg” heescht dat Wonnerwierk vun Nullegkeet, mat gewinnt schlecht “recherchéierten” “Artikelen” a Biller vun angeblechen “lëtzebuergeschen” “Baurefraaen”. Eppes, fir dat sëch sougenannt C-Promien kënnen sélwer op d’Schëller klappen, wéll si et lo endlech an eng “Zeitung” geschafft hun. De Link dozou, gëtt et natirlech net op deser Plaaz (googlen kann jiddereen sélwer). Einfach aus Prinzip, mee duerfir en aaneren. Promi.lu ass nämlech eng ganz aaner Säit.

Link

séng nuddeleg unhängsel

Monday, August 6th, 2007

Pastafari si keng no Jamaica ausgewandert Italiener. Nee, et sin Unhänger vun der Kiirch vum fléienden Spaghettimonster. Lëtzebuerg huet lo och sou eng Kiirch. Do gëtt geléiert, datt d’Welt vun engem fléienden Spaghettimonster erschaafe gouf. Firwat och net. Beweist mol de Géigendeel! Färdeg!

Link

granzen

Saturday, April 21st, 2007

Grindhause(n)

Di nächst 50 Gummipunkten gin un deen, dee weess wéi een Robert Rodriguez / Quentin Tarantino-Fan hei den “N” ewech gerubbelt huet. Grindhouse op lëtzebuergesch, wien hätt dat geduecht…

papparelli

Thursday, April 19th, 2007

Firun ongeféier 5 Joer hat egalwaat.lu doriwwer breicht, datt di “onofhängeg Natioun vun Papparelli” Krich géint Lëtzebuerg willt féiren. Anscheinend ass deen nach ëmmer amgaangen. De Krich kruut lo souguër säin eegenen Blog. Aan op a passt op! Geheim Agenten laueren iwwerall!

Link

macro I

Tuesday, April 17th, 2007

Ech fannen, et gëtt mol Zäit fir verschidden Billermakroen op lëtzebuergesch z’iwwersetzen. Haut gëtt ugefaangen mat der O RLY-Eil. Fillt iech fräi, d’Biller ze benotzen, wéi der wëllt.

Seriö?

media bomb

Wednesday, February 7th, 2007

Gëscht wor d’hallef Staad Lëtzebuerg wéngst engem Bommenalarm gespaart. Als éischt hat ët geheescht, Gemengenarbechter hätten bei der däitscher Ambassade eng Këscht vergiëss an dunn wir natirlech direkt mol als éischt ugehol gin, datt dat eng Bomm wir. Iergendwéi huet dat mech dunn un eng Kampagne d’läscht Woch zu Boston erënnert (Stëchwuërt: Mooninite); eng Guerilla-reklamm fir eng Cartoonserie hat do ähnlech Auswirkungen. Als Gag hat ech lo fir, foljhend Photomontage hei ze posten, mee leider ass meng Iddi vun der Realitéit ageholl gin. Dat gëscht wor nämlech och ë Publicity-Gag.

Moonilux

Ët stellen sëch mir awer verschidde Froën dobäi:
- Ech weess net, wéi di 50 Objeten ausgesin hun (Këschten?), mee firwat gëtt par défaut mol dovun ausgaangen, datt ët direkt Bomme missten sin?
- Firwat gouf néirens an de Medien (Internet, Radio, Traffik Info) drop opmierksam gemaat, datt een net soll an d’Verkéiersgewulls an der Staad fuëren? Kruuten d’Medien do ë Maulkuërf, fir datt d’Police sëch net ze vill blaméiert? Éischt spéit Owes, wi schon alles riwwer wor, gouf dunn och driwwer bericht.

google bombing

Saturday, January 13th, 2007

EWL start ë kléngt Experiment: Wann een mat engem bestëmmtenen Wuërt op eng Säit verlinkt, dann erschéngt di Säit bei Google, wann een no deem Wuërt sicht. Natirlech just, wann der genuch dat maachen. Duerfir verlinkt w.e.g op foljhend Säit mam Wuërt "LuxPrivat". Natirlech just, wann der wëllt ;)

bambi-blue

Tuesday, December 12th, 2006

D’Eröffnungsparade vum Kulturjoër 2007 de läschten Samschdeg an der Staad Lëtzebuerg, wor fir di lokal Hirschpopulatioun ë vollen Erfolleg. D’Friichten dovun wärte mer anschéngend (dem Bild no) ëm den 9. September 2007 gesin.

Gehirschs