Archive for the ‘Personal & Hobbies’ Category

d’laach vun der nat…. äh vun egalwaat.lu

Wednesday, August 13th, 2008

Dese Blog wor lo bal zwee Méint an der Summervakanz. Eigentlech stëmmt dat net, ech hat just keng Loscht an Zäit eppes ze schreiwen, mee iergend eng Excuse muss ee jo hun. Den Interessi fir ze bloggen ass net méi sou staark, wi am Ufank (2005). Mäin aanere Blog hun ech jo schon opginn a wärt en iergend wann mat desem fusionéiren (wann ech endlech eraus fonnt hun, wéi ech dat mat de Kategorien wärt maachen). D’Themegebidd vun egalwaat.lu war bis elo alles ronderem Lëtzebuerg. Dat wärt séch elo änneren an ech schreiwen einfach, op wat ech grad Loscht hun. Anstatt “objektiv” Artikelen iwwert verschidden Objeten, Événementer oder soss Eppes, gin et lo kéng Regele méi. Wiem dat net passt, hat Pech! ;)

Dat éischt, wat ech haut mol wollt erwähnen, ass, datt ech anscheinend am Télécran soll ze gesi sin. Op enger Photo vun der Avant-Première zu “The Dark Knight“. Wi gewinnt kucken ech op enger Zeitungsphoto ëmmer blöd dran. Oder kucken ech vläit och allgemeng ëmmer blöd dran? Wéll ech awer lo grad keen Exemplaire vun desem Magazin bei Hand hat, wollt ech alt mol op telecran.lu kucke goen. Natirlech wor do näischt ze fannen, ausser e grujheleschen Design, dee bei ménger läschter Visite vu firun iwwert engem Joer nach net do war. Grouss Banneren mat Photoen als Hannergrond a banalen wäiss/schwaarzen Iwwerschrëften driwwer. Do fehlt just nach Comic Sans MS als Schrëftart. Wéi een Möchtegern-Snowboarder… äh ‘Webdesigner’ hu se dann zesummen mat MS Paint dorop lass gelooss? Dat erënnert jo scho bal fatalerweis un Lëtzebuerg Privat (jo, ech verlinken dat hei, hihi).

Zum Dark Knight sélwer, deen en zimlech gudde Film ass, hun ech lo net mi direkt Loscht, eng Kritik ze schreiwen. En décke “Merci” geet awer un den Utopolis, deen d’Avant-Premièren anscheinen dozou benotzt, fir ze kucken, op d’Filmrullen an der Reih sin. Hätten se dat firdrun gemaat, hätt de Film net grad matzen an enger relativ spannender a décisiver Szene opgehaalen an éischt no 5 Minutte weider gaangen. Wat fir eng Technik stëcht eigentlech dohannert, wann bei engem “Problem mam Projekter” (O-Toun) direkt automatesch och d’Luuten am Sall uginn? An dat a béide Säll zu anscheinend verschiddenen Zäitpunkten. Firwat kënnt sou e grousse Blockbuster eigentlech net souwisou digital eraus? Oder wollten se vläit Raubkopien verhënneren? En RTL-Kameramann souss nämlech mat séngem Geschier an der éischter Reih. Schued datt ech den Handy schon aus hat, soss hätt ech lo eng Photo dovun hei hi gesaat.

hei ass de villechen

Wednesday, February 8th, 2006

Photogen.lu, am September 2005 online gaangen, ass ë Site wou Hobbyphotographen kënnen hir Schnappschëss oder Konschtwiërker der ganzer Welt weisen. Aaneschters wi Flickr, gett bei Photogen.lu méi den artisteschen Aspekt berücksichtegt. Ët kann een duërch thematescht oder dem Photograph no getesselt Galerien stöberen, Kommentaren a Bewärtungen zu den eenzelnen Biller ofgin an dat ganzt gett vun engem Forum gekréint, wou een Hëllef zu allméigleche Problemer zum Thema Photographie fënnt.

Link

gebloggs

Thursday, November 24th, 2005

A läschter Zäit dauchen ëmmer méi lëtzebuergesch Blogen op, entweder vun Lëtzebuerger oder vu Leit, di zu Lëtzebuerg liëwen. Och di lokal Press ass op de Phänomen opmierksam gin, wi z. Bsp. ën Artikel am aktuelle Jeudi weist. Den Doofblog huët och eppes doriwwer geschriwwen. Kennt nach een weider Blogen oder huët sélwer een? Da schreiwt ë klenge Kommentar hei hannen drun (oder de Link fir Suggestiounen op der riëtser Säit); an nächster Zäit wärt ët hei mol eng
kleng Oplëschtung vun der lëtzebuergescher Blogosphere gin.

Äiskaal

Wednesday, September 7th, 2005

EWL ass zréck aus dem Summerlach.

Datt hei zu Lëtzebuerg Äishockey gespillt gett, ass vläit bekannt. Mä kennt iergendeen eigentlech eng Equippe aus dem kaale Sport? Een Artikel vun enger däitscher Säit schwätzt ë bessen iwwert eis Lokalmatadoren ronderem de schwarze Puck, wi Torpedo Lëtzebuerg an den HC “Canada-Dry” Beaufort-Echternach. D’Äishockeynationalmannschaft (aktuell op Rang 42) wärt d’nächst Joër souguër an der drëtter Divisioun zu Reykjavik spillen.
Link

fir di kleng a manner kleng

Friday, August 26th, 2005

Kanner si jo vun Natur aus firwitzeg. Wann een dës Eegeschaft wëll ënnerstëtzen, an deem’s së dobäi och nach eppes iwwert d’Natur léiren, kann ee mol am Panda/Science Club laanscht kucken. Hei ënnerhuëlen së Ausflig, maachen Aarbechten a gin all méiglech interessant Saachen iwwert d’Natur gewuër. Di Kleng wärte bestëmmt happy sin!
Link1
Link2

schlemmen

Friday, July 29th, 2005

Pünktlech fir de Weekend ass de Site vum Dag rem eng Säit iwwert di lëtzebuerger Gastronomie. Op gastronomie.lu fënnt een eng Onmass un lëtzebuerger Restauranten, all zortéiert no bestëmmten Kategorien wi der Uërtschaft oder dem Iëssen. Leider ass dee Site technesch gesin relativ schlecht erstallt an duerfir net vun jidderengem zë benotzen. Op een sou Klienten kann ulackelen?
Link

gedanken a geschichten

Thursday, July 28th, 2005

De Podcasting ass nach eng éischter nei Form vun der Kommunikatioun, eng Kräizung tëschent Weblog a Radio. Einfach gesot, sin ët just eng Reih vun Audiodateien (MP3) di een sëch kann op säin mobilen MP3-Player luëden an dann quasi ënnerwi wi Radio lauschteren. Speziell Programmer luëden automatesch nei Sendungen erof an iwwerdroën së op de mobilen Apparat.

Deen éischten Podcast iwwert Lëtzebuerg (opmannst deen eenzegen, deen ech fonnt hun) existéiert och schon an zwar heescht ën "GuG – Gedanken und Geschichten aus Luxemburg". Pit, mach weider sou!
Link (podcast)

keng ahnung

Sunday, July 24th, 2005

Duërch Zoufall sin ech op dësen Site getraff. U sëch weess ech net, wat een kinnt doriwwer schreiwen, sou grouss ass ën och net an schéngt och just ë klengen privaten Site vun iergend welchen Kollegen zë sin, di alt "hir Saachen" wëllen online stellen. Mä dat ass jo egal…
Link

menu du jour

Saturday, July 23rd, 2005

Ween keng Ahnung huët, wou ë soll an der Mëttesstonn iësse goën, dee ka jo mol op menu.lu laanscht luussen. Eng ganz Reih vun Restauranter a soss iergendwéi Iëssenbetriiber stellen do hiren aktuellen Menu vum Dag aus. Gudden Appetit!
Link

flillecken

Monday, July 18th, 2005

Fir all Flijerfan ass airlinres.net di éischt Ulaafstell. Eng Riisenauswahl un Fotën vun allméiglechen Flijeren ass do zë gesinn, eragescheckt vun Leit ronderem d’ganz Welt, natierlech och aus Lëtzebuerg, eng puër honnert Stéck!
Link