Ween keng Ahnung huët, wou ë soll an der Mëttesstonn iësse goën, dee ka jo mol op menu.lu laanscht luussen. Eng ganz Reih vun Restauranter a soss iergendwéi Iëssenbetriiber stellen do hiren aktuellen Menu vum Dag aus. Gudden Appetit!
Link
Archive for the ‘Personal & Hobbies’ Category
menu du jour
Saturday, July 23rd, 2005flillecken
Monday, July 18th, 2005Fir all Flijerfan ass airlinres.net di éischt Ulaafstell. Eng Riisenauswahl un Fotën vun allméiglechen Flijeren ass do zë gesinn, eragescheckt vun Leit ronderem d’ganz Welt, natierlech och aus Lëtzebuerg, eng puër honnert Stéck!
Link
héich an d’loft
Thursday, July 7th, 2005Iwwert den Wolleken schwiëwen së net grad, mä eng schéin Vue vun uëwen huët een trotzdem an engem Warmloftballon. Dëse Sport gett ower net nëmmen als Pläséier, mä och als Kompétitioun bedriwwen; dat beweist den alljährlechen Mobilux Trophy, deen dës Kéier zu Iëchternach oofgehaaalen gett. Eng 47 Enthousiasten sinn Enn Juli dobäi an den artistechen Héichpunkt wärt den Nightglow, ë Samschden den Owend sin.
Link
de kapp am buëdem
Monday, July 4th, 2005Deem engem oder aanerem wärt së scho bekannt sinn; d’Straussefarm zu Fëlschdref. Ë richtegen "eye-catcher", fir all Onkënnegen, deen zoufälleg op der Strooss laanscht fiërt an di däreg Déieren erbléckst. Déi laafen do ower net nëmmen fir schéin zë sin op hirer Wiss ronderem, mä aus hinnen gett och nach eppes (gemaat)! Op straussefarm.lu fënnt een eng Hellewull Informatiounen iwwert a ronderem de ganze Sujet Straussenzucht, wou een hei am Land Strausseproduiten (Éer, Portmonnien an natierlech dat berühmtent Fleesch (erënnert un Rënd a Wëld)) zë kaafe kritt an Rezepter, wéi een di Liëwensmëttelen kann zoubereeden. Ongewinnt an hei an der Regioun eenzegarteg.
Link
toy story
Thursday, June 30th, 2005Eng flott Iddi presentéiert spillkescht.lu. Alles, wat den Animateur fir op eng Vakanzekolonie brauch, kann ën op deem Site fannen. Spiller, Informatiounen iwwert verschidden Plaazen an Organisatiounen plus weiderféirend Linken. Zousätzlech kann een och nach seng eegen Aktivitéiten a Fotoën dobäi setzen.
Link
uhu
Saturday, June 25th, 2005Webcammen um Internet ginn ët der jo méi wi néideg, di lëtzebuergesch dodrënner sinn awer nach mi rar. Eng interessant dovun ass eilen.org. Di brëllend Faarwen vum Site erschrecken vläit den éischten Besicher, mä duerno fënnt een ower do eng Onmeng vun Informatiounen iwwert d’Technik vun der Webcam an weiderféirend Linken. De Clou ass nämlech, datt do net iergend eppes gewise gett, mä ë Nascht vun Schleiereilen an dat zënter 2000!
Link
where no fan has gone before
Friday, June 17th, 2005An eis Allgemengkultur ass “Star Trek” schon längst nemmi eraus zë denken. Op iergendwelch Sprëch wi “beam me up” oder Iddien, di an der Wëssenschaft schon ëmgesaat goufen; di 5 Serien hun di modern Popkultur staark geprägt. An natierlech gin ët och lëtzebuergesch “Trekkien” an “Trekker”. Hire Site, ganz am LCARS-Style mat Okudagrammer, ass nawell ganz gudd gelongen, mä bidd duerfir leider net vill méi wi all x-beliebegen Fansite och. Wat soll ët do och schons méi gin, wi op den internationalen Säiten, ausser vläit ë Bezuch op Lëtzebuerg?
Link
european blogosphere
Monday, June 13th, 2005Nodeems d’Bloggen an de läschten Joren uëchter d’ganz Welt staarke Nowuëss kruut, (dëse Site ass och ë sougenannten Weblog, kuërz “Blog”) gouf lo de Versuch gestart, eng Iwwersiicht iwwert den europäschen Deel vun der sougenanntener Blogosphere zë kreeéieren. Dat ganzt gouf als eng Wikisäit opgestallt, dat heescht jiddereen kann d’Lëscht editéiren an säin eegenen Blog dobäi setzen.
Link (via BoingBoing)
spillsaachen
Sunday, June 12th, 2005Fir di eng just bluddegt Gemetzels, fir aaner Teamsport mat Taktik; d’Geschäft mat den First-Person-Shooter boomt zënter Jooren an ët bilden sëch masseweis Fangemeinschaften (Clans). gaming.lu bidd Neies aus der Spillwelt, Service wi Spillserveren di een lounen kann, Guiden an ë vill besichten Forum.
Link
ënnert den wolleken
Saturday, June 11th, 2005Di wéinsten sin wuël schon mat engem Seegelflijher geflunn. Wiën sëch ëmmer schon mol eng Kéier wollt vum Wand droë loossen an eis Ländchen (opmannst ën Deel dovun) a Rouh vun uëwen gesin, kann op flying.lu méi doriwwer gewuër gin. Neiegkeeten aus der Welt vun der Segelaviatioun, ë Forum an eng Sammlung vun informativen Dokumenter rënnen dësen Site oof.
Link
