Archive for the ‘Science’ Category

21 century drinking

Tuesday, August 23rd, 2005

Wiën seet datt zu Lëtzebuerg net vill an der Forschung an Entwécklung geschitt? De Grupp FormSociety huët lo ën türkeschen Achitektepräis fir d’Entwécklen vun enger, net nëmmen architektonesch interessant, neier Form vun engem Waassergewannungsapparat entweckelt. Di sougenannt Fog-Tubes sin laang, wi de Numm ët scho seet, Tüben, die Waasser aus dem Niwwel entzéien a besonnesch a mi aarmen Géigenden kënnen agesaat gin.
Link

schlëssellach

Wednesday, June 29th, 2005

Philhramonie um Kirchbierg Nodeems hei firun enger Zäitchen de Programm WorldWind vun der NASA firgestallt gin ass, huët lo Google ën ähnlechen Produit op de Maart bruëcht. “Google Earth” (d’Versiounen Pro a Plus kaschte Geld) huët detailléiert Informatiounen iwwert, natierlech, d’USA, mä och verschidden aaner Stiëd an Westeuropa, dorënner och Lëtzebuerg. Desweideren kann een sëch d’Stroossenimm uweisen loossen, an bei 38 amerikaneschen Stiëd kritt een souguër eng 3D-Usiicht vun de Gebeier. Fazit: d’Googlevariant ass méi op den alldeeglechen Notzen ausgeluëgt, mä duerfir ass de NASA-Programm gratis an steet als OpenSource zur Verfügung. “Google Earth” fonktionéiert bis ëlo natierlech och rem nëmmen fir Windows an MacOS. (Bild: d’Philharmonie um Kirchbierg am Opbau wi een së am Programm gesäit)
Link

unilinguistesch

Sunday, June 26th, 2005

Wiën sëch fir Sproochen interesséiert, ass bei unilang.org op der richteger Plaaz. Alleng d’Säiten iwwert di lëtzebuergesch Sprooch ass nawell zimlech ausféierlech an ëmfangräich.
Link

uhu

Saturday, June 25th, 2005

Webcammen um Internet ginn ët der jo méi wi néideg, di lëtzebuergesch dodrënner sinn awer nach mi rar. Eng interessant dovun ass eilen.org. Di brëllend Faarwen vum Site erschrecken vläit den éischten Besicher, mä duerno fënnt een ower do eng Onmeng vun Informatiounen iwwert d’Technik vun der Webcam an weiderféirend Linken. De Clou ass nämlech, datt do net iergend eppes gewise gett, mä ë Nascht vun Schleiereilen an dat zënter 2000!
Link

wëssen vernetzt

Saturday, June 4th, 2005

symlink.lu versicht den europäeschen ‘Slashdot’ op däitsch zë sin. Den .lu ass zwar irreféirend, de Site sélwer ass eng schwäizer Säit, mä trotzdem fënnt een all Dag baal eng Handvoll Noriichten do, di een kënnen interesséiren, wann een sëch gréisstendeels ëm den IT-Sektor bekëmmert.
Link

büffelen

Saturday, May 28th, 2005

Fir d’Premièren wir ët lo souwisou scho baal zë spéit, mä aaner Klassen kënnen sëch mol op physique.lu ëm kucken. Do ginn ët di verschidden Matièren aus dem Physiquesfach als PDf-Dateien erof zë luëden. Plus ë puer kleng Experimenter an ë net immens vill frequentéierten Forum.
Link

…an ë grousse sprong fir d’mënschheet

Friday, May 27th, 2005

Wann alleguër d’Mënschen op der Welt gingen gläichzäiteg an d’Luut sprangen, kinnt sëch theoretesch d’Ëmlaafbunn vun der Ärd verreckelen. Dat hun Wëssenschaftler vun der Uni München eraus fonnt. WorldJumpDay versicht dësen weltbewegenden Sprong fir den 20. Juli 2006 zë préparéiren. Um 12 Auer, 39 Minutten an 13 Sekonnen, fir genee zë sin. Avis aux amateurs!
Link

blo a gring

Wednesday, May 25th, 2005

WorldWind ass ë Programm vun der amerikanescher NASA, deen sëch jiddereen kann gratis erof luëden (opgepasst, sinn ë puër 100 MB!) a mat deem een kann ë Model vun der Ärd kucken. Am Kloërtext heescht dat, datt een kann op all Plaaz op der Welt zoomen an ët kritt een Satellitefotoën presentéiert. An, wat baal net zë gleewen ass, ënnert all de Sproochen, di een am Programm kann auswiëlen, ass souguër “Lëtzeboiesch” dobäi! Merci NASA!
Link

liësraaten

Tuesday, May 24th, 2005

Wat wär eis Welt haut ouni d’Bicher? Zënter iwwer dausend Joër ass dat geschriwwent, an och spéider dat gedrécktend Buch, Vermëttler vun Wëssen, de Motor vun eiser Gesellschaft. Och wann den Internet mat senger direkter Iwwerdroung vun Texter ëm luës de Rang oofleeft, kann näischt d’Buch ersetzen an wärt och an Zoukonft ën héich geschätzten Medium bleiwen. Duerfir wärten besonnesch Bibliothekaren sëch asetzen an där ginn ët der hei net wéineg.
Link

am bulli wullen

Friday, May 13th, 2005

Wiën wollt net schon mol Archäolog spillen an no Spuëren vun eise Virfahren sichen? Genau dat machen d0Georges Kayser Altertumsfuërscher an stellen op hirem Site Informatiounen iwwert Ausgruëwungen an Ausstellungen zur Verfügung. U Material fehlt ët jo hei am Land net, wou dach d’Kelten an d’Réimer all méiglech kleng oder grouss Schätz am Buëdem hannerlooss hunn. Fotoën an Berichter iwwer verschidden Aktivitéiten ginn ët um Site; alleng de Fotoalbum iwwert d’Plënneren vun engem réimeschen Zillenuëwen ass erstaunlech.
Link