Emfroën


Emfro 5: De Summer kënnt! Wéi eng Glaçe ësst de am léiwsten?
Schokola: 21 (13%)
Stracciatella: 18 (11%)
Vanille: 17 (11%)
Mokka: 17 (11%)
Kokosnoss: 17 (11%)
Ärdbier: 16 (10%)
Zitroun: 15 (9%)
Tomat mat Spinat: 15 (9%)
Banane: 12 (8%)
Pistache: 10 (6%)
Stëmmen: 158

Mat deenen éischten 2 Resultater sin ech ganz zefridden, op 3. a 4. Plaaz hätt ech mer awer nach Kokosnoss a Banane gewënscht. Mä wi gesoot, de Liëser huët decidéiert. Ech geluëwe mech och ze besseren a mi oft eng nei Ëmfro online ze stellen. Dräi Méint sin dach awer vläit schon ë bessen extrem. U sëch wollt ech als nächst Fro “De Summer geet! Wéi eng Glaçe haass de am léiwsten?” huëlen, mä dat hun ech mech dunn awer net getraut ;)


Emfro 4: Wien gett 2006 Weltmeeschter am Fussball?
Lëtzebuerg: 5 (56%)
Ouschterinsel: 2 (22%)
Brasilien: 1 (11%)
Trinidad/Tobago: 1 (11%)
Angola: 0 (0%)
Argentinien: 0 (0%)
Australien: 0 (0%)
Costa Rica: 0 (0%)
Däitschland: 0 (0%)
Ecuador: 0 (0%)
Elfebeenküst: 0 (0%)
England: 0 (0%)
Frankräich: 0 (0%)
Ghana: 0 (0%)
Holland: 0 (0%)
Iran: 0 (0%)
Italien: 0 (0%)
Japan: 0 (0%)
Kroatien: 0 (0%)
Mexiko: 0 (0%)
Paraguay: 0 (0%)
Polen: 0 (0%)
Portugal: 0 (0%)
Saudi-Arabien: 0 (0%)
Schwäiz: 0 (0%)
Schweden: 0 (0%)
Serbien/Montenegro: 0 (0%)
Spuënien: 0 (0%)
Südkorea: 0 (0%)
Tcheschien: 0 (0%)
Togo: 0 (0%)
Tunesien: 0 (0%)
Ukraine: 0 (0%)
USA: 0 (0%)
Stëmmen: 9

Eng Emfro mat sou villen Optiounen maachen ech wuël su baal nemmi. Dat huët d’Leit anscheinend zevill verwirrt. Ët goufen jo och souwisou nëmmen di üblech Verdächteg gewiëlt. A souwisou spillt an der Finale d’Ouschterinsel géint Lëtzebuerg.


Emfro 3: Wat war däin traumatechst Ouschtererliëwnis?
D’Klibberkanner: 6 (67%)
Sëch firum Ouschterhuës verstoppen: 2 (22%)
De ville Schokola: 1 (11%)
Den Ouschterbrod: 0 (0%)
D’Ouschtermass: 0 (0%)
D’Péckvillecher op der Éimaischen: 0 (0%)
Stëmmen: 9

Ech gesi schon: eng Rubrik “beim Psychiater” kinnt een och hei opmaachen. Mäin sëcheren Favorit, den Ouschterhuës, wor tatsächlech ower net sou erfollegräich. Vläit packt ën ët jo an deenen nächsten Emfroën op d’Spëtzt ;)


Emfro 2: Déi wéivillt Emfro ass dat heitent, di’s de fir haut beäntwers?
1: 10 (63%)
0: 3 (19%)
>1: 3 (19%)
>10: 0 (0%)
>42: 0 (0%)
Stëmmen: 16

Ech gesin, d’Liëser vun egalwaat.lu sin anscheinend net sou immens un Emfroën interesséiert (fir di meescht wor ët di éischt vum Dag) oder null am Rechnen (di nullt Emfro fir haut?). Vläit woren dat och 3 Geeken, di mat 0 ufänken mat ziëlen.


Emfro 1: Sollen och weiderhin hei Emfroën gemaat gin?
Jo: 5 (83%)
Nee: 1 (17%)
Stëmmen: 6

Duerfir, datt di Emfro knapps ën halwen Dag online war, sin ech awer schon houfreg op d’Resultat. Ech füge mech natierlech dem Liëserwonsch a maachen mat den Emfroën weider. Kommentarer an Ureegungen kënnt der an de Forum schreiwen. Ech verspriechen iech och, datt ech ni wärt Resultater fälschen, egal wéi së aus gesin. Mä ët wor gudd, datt ech së lo erof geholl; net, datt së nach méi negativ ausgefall wir ;)


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>