Comeback 1×02 “Retour”

“Den Chuck Norris an ech iessen eise Knoppers schon um néng.”

Ech sin nawell zimlech am Réckstand mat ménge Kritiken. Méng organisatoresch-technesch Problemer sin lo eriwwer an ech probéire mëch erop zë schaffen, fir datt méng trei Liëser och mol eppes mi Aktuelles hei kënnen, ëh… liësen (wat mëcht ë Liëser och soss schons).

Wann sëch 3 Leit direkt am Ufank ufänken aus zë din, verspricht dat scho Villes, mee nët onbedéngt Guddes. Gottsäidank gi së vun zwee Polizisten ënnerbrach, di méngen datt de Ronni Riff do ging wunnen an hinnen erklären, datt d’Marie-Astrid ënner gaangen ass. Häh? Hun ech eppes verpasst? Séier um Videorekorder nogekuckt, ob ech net di falsch Episod nokucken (déi gi leider nom Datum mam Dag um Ufank getesselt). Nee, awer net. Nom Intro kënnt dann d’Opléisung, datt ët rem dat an de läschte Joren iwwerméisseg vill benotztent Stilmëttel ass, wou ee matzen an der Geschicht ufänkt, fir kënschtlech Spannung z’erzeugen an een dann 24 Stonnen zréck geet, fir dat Ganzt z’erklären. Hat mer dat net schons eng Kéier? Mee nujo, weider lo an der Story.

De Saak (huet deen och ë richtege Numm?) mëcht mam Sophie sénge Saachen een op Goldfësch a spullt së d’Toilett erof, wéll ën hat verdächtegt, säi Connie, ë rosat Pony, geklaut zë hun. D’Conny, d’Pony ass awer bei deem aneren Typ, dee mat der Indianer-Mama um Esoteriktrip. Iergendwann wärd ech mer d’Nimm all kënne verhaalen. Moment, kucke kuërz no… Ah, Pit heescht ën. Wië kënnt dann och schon op sou een exotesche Numm?

Also, de Pit ass op der Uni fir sëch do an zë schreiwen. Mam rosa Pony. Fir d’éischt scho mol okay, ech hun op där Uni do schon ganz aaner Saache gesin, wéi së mol nach kéng richteg Uni war (ass së dat eigentlech haut?). Do trëfft hien dann op dem Sophie séng Frëndin. Hu mer dat och scho kannt? Ech muss wirklech d’Episode méi no unënee kucken. Séng Elteren hun ët forcéiert, sëch op der Uni an zë schreiwen, net sou wéi dem Pit séng Mamm, déi dat just duerch ongewollt ‘reverse psychology’ geschafft huet. Hie kann sëch natirlech net décidéiren, wat ë wëll studéiren, ouni zréck an säi Wigwam bei d’Indianerhäuptling-in unzeruffen.

D’Sophie an de Saak sichen an där Zäit nom Ronnie Riff a fanne just de Ronnie Roll oder wéi heescht deen een Typ do scho méi. Mat all de Kaatzephotoen a sénger Wunnéng duëcht ech als éischt, datt mer gingen op de lëtzebuergeschen Equivalent vun der “crazy cat lady” treffen, mee säi Kachhut hätt mer direkt sollten ë Hiweis sin. Jo, Sophie, du muss eis net och nach onbedéngt erklären, datt dee séng Kaatze kacht. Mir haten dee “Gag” och scho sou verstaanen. Ee Gummipunkt fir de “Chili con chat”. Gummipunkte vergin ech gär, wéll së engersäits wertlos sin a kéngem wéih doen, mee trotzdem wirken, wi wann een eppes gewonnen hätt. Nach ee Gummipunkt un de Schauspiller vum Felix gastronomus, dee sou richteg “creepy” eriwwer kënnt. Gudd geschauspillt. Ech hat ën eng Kéier an engem Interview um RTL gesin, do hat ën dat och zimlech gudd gekonnt.

Während di zwee séier duerch de Sektor BO flüchten (sou nennen di nativ Urawunner de Quartier (okay, net wirklech, just d’Fubuën um Aldringer maachen dat)), krut de Pit d’Carole, dat fir d’Aschreiwungen zoustänneg ass, dozou, him z’erziëlen, datt hatt gären Iglu-Architektur studéiert hätt. Okay, firwat net, whatever floats your Äisscholl. Dem Sophie séng Frëndin hëllt iwwregens SSS, d’Spillschoulsschoul. A wéi hat spéider erklärt, aus engem lesbesche Grond oder hun ech dat falsch verstaanen?

D’Sophie, séng Frëndin an de Saak (ech wëll lo gär säi Numm wëssen!) fannen de riffege Ronnie endlech op der Marie-Astrid (an deen därf do einfach sou engem Zelt matzen am Iëssraum wunnen?) a versichen ën, dozou zë kréien, bei der Eurovisioun mat zë maachen (gëtt ët déi iwwerhaapt nach?). Deen ass natirlech guer net enchantéiert, wéll ë mëttlerweil op eng erfolleglos Karrière als Feierspäitzer ëmgeklommen ass. Dat Ganzt wirkt extrem oninteressant; fir hien an och fir den Zuschauer. Ausser dem Sophie sénger Frënding hir Mini-jupe, kann och d’Dréihbuch des Szene net wirklech retten. “Ni méi an d’Éisléck”; ech mengen awer och.

Zréck un den Ufank vun der Episod, respektiv an d’Mëtt, wéll së jo do ugefaangen huet an also d’Geschicht lo um Ufank ukomm ass, wéll dat jo d’Mëtt… also, dir verstidd mëch. Während de Saak vun engem vun deenen zwee Flic’en ugebaggert gëtt, fannen së de Ronnie ënnen an der Stuff (dem Café, net hir eege Stuff). Hië weess lo net wouhin, wéll ën d’Marie-Astrid ofgefaakelt huet. Ëhm jo, sou wäit ware mer schons. Eis “vier Freunde” retten hien an erpressen ën, bei hirer Eurovisiounswett mat zë maachen. Dat hätte mer da jo lo mol geklärt. Als Ofschlossgag hu mer dann nach d’Sophie, dat dem Saak net méi béis ass, wéll hat séng Photo mat engem Bouquet Blummen un de Flic mam Pornoschnurres geschéckt huet. Ech hoffen, datt dat d’nächste Kéier net wärt weider opgegraff gin, mee wärt di Wett wuël leider verléiren.

Am grousse Ganze fannen ech, datt den Erziëlfloss vun der Geschicht durchaus konsequent weider gaangen ass an ee gudd ënnerhaale gouf. Sou richteg un de Charaktèren interesséiert sin ech awer nach net. D’Haaptschauspiller fannen ech mol net sou schlecht. Ech hu mech des Kéier sou guer ë puer mol dobäi ertappt, bei verschiddene Sprëch gelaacht zë hun. Beim Pilot wor ët just ë Schmunzelen. Ech gin der Serie alt nach eng Chance, mee dat wëll net vill heeschen, wéll ech së souwisou weider gekuckt hätt; ët gëtt jo soss näischt Aneschteres zu Lollywood (‘t ass scho gudd, ech halen op, Lëtzebuerg sou zë nennen). Ech gin der Episod 2,5 rosa Ponien vu 5.

<- Comeback 1×01 “Prost”Comeback 1×03 “Vollt Haus” ->

Posted in Entertainment, Kritiken, Kultur | 11 Comments

Comeback 1×01 “Prost”

Lëtzebuerg huet also rem eng nei Sitcom. Nom “Weemseesdet” vu läschtem Joër, huët de Sitcom-Genre dësen Hiërscht ë “Comeback“. Wéll ech mëch fir d’Filmwelt a besonnesch fir Televiouns-serien interesséiren a gären de lëtzebuerger Deel dovun ënnerstëtze wëll, probéiren ech vun ëlo un op dëser Plaatz zu all Episod vun där neier Serie um RTL eng Kritik zë schreiwen. An als Bouneweger Jong, sin ech natirlech frou, datt hei mol eppes an där Richtung geschidd. Bouneweg soll den Hollywood vu Lëtzebuerg gin! Ah ha ha…! Ëhm pardon…

Comeback 1×01 (éischt Staffel, éischt Episod) “Pilot”/”d’Wett” (ech hu kéng Ahnung op d’Episoden Titele wärte kréien, wa nët, erfannen ech der einfach)
UPDATE: së heescht “Prost”.

Dës éischte Kéier, wou ech iwwert di nei Serie schreiwen, ënnersichen och mol gär den ë bësse méi techneschen Niveau an d’Form vum TV-Wiërk ouni direkt op d’Geschicht an zë goën.

Wat direkt opfällt, ass di ënnerscheedlech Mise-en-scène zu “Weemseesdet”. Nodeems des läscht Serie als Multi-camera gefilmt gin ass, présentéiert sëch eis lo eng Single-camera-Serie. Wat heescht dat genau? Bei der Multi-camera ass d’Szène mat enger Bühn zë vergläichen an ë puër Kamera’en filmen d’Aktioun gläichzäiteg aus verschiddenen Perspektiven. D’Auswiëlen vun dese Perspektiven geschitt éischt mi spéit beim Zesummeschnatt. De Virdeel ass, datt een nët alles nach eng Kéier muss filmen fir verschidde Bléckwénkelen erfiër zë hiëwen. De Nodeel ass, datt ee gréisstendeels op Kulissen an engem Filmstudio beschränkt ass, wéll di véiert Mauer fehlt. Dat ass déi, wou d’Kamera’en stin oder ën eventuelle Publikum sëtzt, also wéi an engem Theater. Berühmt Beispiller vun der amerikanescher Telé sin “How I Met Your Mother“, “The Big Bang Theory” oder fir di mi eeler Semesteren ënnert ménge Liëser och nach d’”Cosby Show” oder “Eine schrecklich nette Familie (Married with Children)“. Dat wor laang Joren bis opmannst an d’90er di eenzeg Form fir eng Sitcom, di méiglech war. Eng Episod gouf quasi live virun engem Publikum gefilmt oder d’Laache koum vum Band (wann d’Witzer net gerappt hun) an oft de nächsten Dag gesend. Dat huet missten alles séier goen, wéll een ëmmer nëmmen eng Woch Zäit hat fir eng Episod z’erstellen. Ët hat een höchstens Sputt vun 2-3 Wochen tëschent dem Filmen a Senden, während deem’s schon di nächst Episod préparéiert gouf an di iwwernächst geschriwwen. Dat wor séier a bëlleg.

Enn den 80er/Ufanks 90er hat awer d’Televisounstechnik scho gréisser Fortschratter gemaacht (digitale Video sollt do vill hëllefen) an och mi kléng Budgeten konnten sëch mëttlerweil mi usprochsvoll Qualitéitskameraen leeschten. Desweideren huet de Publikum no weidere Formater mat méi Niveau (technesch wéi erziëleresch) gefrot. Ech weess, kaum zë gleewen! Sitcoms am Single-camera-Format gin wéi ë Film gefilmt. Eng eenzeg Kamera filmt d’Aktioun. Dat huët de Virdeel, datt ee méi eng grouss Fräiheet beim Erziëlen huet; ët gëtt quasi keng Limite beim Choix vun der Location, kléng Zëmmeren si genau sou méiglech wéi eng grouss Plaatz am Fräien. De Nodeel ass, datt ee muss all Szene ë puer mol filmen, fir di verschidde Bléckwénkelen kënnen op zë huelen an des weideren muss een sëch am Viraus iwwert dese Choix scho kloer sin, wéll ët härno zë spéit ass oder ee muss rem opwänneg nofilmen. Di ganz Erziëlstruktur kritt awer ménger Meenung no eng vill mi grouss Dynamik wéll een eng ganz Reih vun Erziëltechniken kann uwenden, déi bei der Multi-camera just begrenzt méiglech sin. Beispiller hei sin “Scrubs“, “Community” oder “Malcolm in the Middle“.

Do wären zum Beispill di ënnerscheedlech Perspektiven. D’Pilotepisode fänkt un mat enger No-opnaahm vun engem Meedchen op enger Couch. Wien ass hatt, wou ass hatt a firwat ass hatt sou am Gesiicht gemolt? Di beschränkte Vue hëlleft datt de Spectateur sëch des Froën stellt, wéll ën weider keng visuell oder akustesch Informatioune geliwwert kritt. Bei Multi-camera wou een opmannst ëmmer den halwe Set gesäit, wir dat net méiglech. D’Kamera kann sëch tëschent der Kuliss an de Protagonisten hin an hir beweegen an sou den Androck vermëttelen, wéi wann ee sélwer dobäi wir.

Ët gëtt och oft mat enger Steady-cam gefilmt. Dat ass eng Kamera, di net fest um Buëdem steet a just kann op am Viraus définéiert Plaatze rullen, mee vum Kameramann an der Hand gehal gëtt (resp. mat engem Gestell um Kiërper befestegt ass). Dat erlabt eng méi grouss Fräiheet an der Kameraféirung. Verschidden Opnaahmen wackelen och liicht gewollt a versichen sou ë bësse méi Aktioun zë simuléiren. Dat kann ganz effektiv sin, fir mi langweileg Szenen liëweg wirken zë loossen, mee muss awer spuërsam agesat gin, wéll ët an extreme Fäll ka nervend wéngst kënschtlecher Hetz wirken.

Ë flotte Gimmick sin och di ganz kuërz Flashbacken. Am Viraus gefilmten Szenen gin just während ë puer Sekonne gewise, fir ë Standpunkt an engem Dialog z’erläuteren. Oft sin des Aktiounen ouni weider Relevanz fir d’Haaptgeschicht, mee droën zur allgeménger Atmosphère vun der Szene oder dem ganze Setting bäi. Anstatt datt ee Personnage ë Witz doriwwer rappt, wéi së den Dag firdrun Béierpong gespillt hun, gëtt dat einfach gewisen.

Lo zur Pilotepisode sélwer: Am grousse Ganzen hun ech d’Geschicht zwar akzeptabel fonnt, wann och wéineg originell, nach original. Einfach de Plot vun “The Hangover” zë huëlen, gouf schon a sëllegen aanere Serien gemaacht (hei zu Lëtzebuerg ass ët natirlech trotzdeem eenzegarteg, einfach wéll keng Konkurrenz do ass) a wirkt als éischt Episod vun enger neier Serie nët immens. Ë bësse méi Phantasie kann een do vun den Auteuren schon erwarden.

No enger duërchzechtener Nuëcht erwächen eis 3 Haaptpersonagen (2 Typen an d’Sophie) déif am Solper an enger Wunneng op, wou së vun der Mamm vun engem vun hinnen (d’Mme Clemens, soss weider Nimm konnt ech mer bis ëlo net verhaalen)
am Gesiicht bemolt gin. Luës a luës versichen si eraus zë fannen, wat ët mat enger Wett op sëch huet, déi si of geschloss hun. Um Enn steet da fest, datt d’Sophie sëch u séngem Exfrënn wëll rächen andeem’s den Trio infernale iergend een onbekannte Alléngënnerhaaler, dee wuël och vu Cool Feet eraus geheit gi wir, wëllen op de nächsten Eurovisiounsconcours schécken. Wéi së dat eraus fannen an di eenzel Puzzlestécker zesummen din, geet iergendwann ganz séier (muss jo bannent 24 Minutte geschéien) a wirkt gekënschtelt.

Ë Pluspunkt ass d’Introduktioun vun de Protagonisten. Luës a luës gëtt jhidderee firgestallt, d’Sophie, d’Mme Clemens, de Pandabouf, den Typ am String (“déng Mamm huët ë String!”), den Transvestit an der Bar (war dat och eng verluëre Wett oder wat?); ët gëtt een nët mat Persounen iwwerfuërdert, mee ech huëlen un, datt dat awer och schon 90% vum Cast waren. D’Charakteriséirung wirkt interessant an ass nët zevill stereotyp.

Woumat ech méi Problemer hat, wor d’Erziëlstruktur vun deser Episode. Eng Hangover-Episod muss natirlech dat nämlecht Stilmëttel vun Réckblenden benotzen, mee an desem Fall verléiert een sëch séiwer an den Zäitniveauen. Di 3 Zäiten (d’Männer raumen d’Spillzëmmer wann d’Sophie era kënnt, dann Owes am Café, dann den Dag duerno) plus nach di kléng Mini-flashbacken hëllefen nët grad, fir datt een sëch einfach erem fënnt. Ech hoffen, datt dat di nächste Kéier ë besse mi linear ofleeft.

Um humoristesche Niveau kann ech soen, datt deen oder aanere Witz mëch duerchaus schmunzele gelooss huet, ower ech louch net um Buëdem vu laachen (RUBALMAE ass de lëtzebuergeschen ROTFLMAO).

Am grousse Ganzen fann ech, wi gesot, dës Episod akzeptabel a sin opmannst gespannt op di nächst, déi ech dann och wärt op dëser Plaatz kommentéiren. Ech gin dem Pilot 2,5 vu 5 Lëppestëfter.

Comeback 1×02 “Retour” ->

Posted in Entertainment, Kritiken, Kultur | 3 Comments

Ons Éducatioun – De sëchere Wee (Lëtzebuerg 2011)

No “Ons Identitéit” vun 2010 ass lo (okay, schons 2011, mee ech hun ën ëlo éischt gesin) den nächste Film an der “Ons xxx”-Reih vun Richtung22 eraus komm. A mat “Ons xxx” ass net d’Porno-parodie geméngt, mee datt de Kënschtlergrupp all Kéiers ë bestëmmtenen lëtzebuergesche Sujet usprëcht, hannerfreet an och op d’Schëpp hëllt. Dës Kéier geet ët ëm “Ons Éducatioun”, ën Thema, mat deem wuël all Lëtzebuerger opmannst eng Kéier a séngem Liëwen schon zë din hat.

Si mer dach éierlech; mir sin alleguer frouh, datt mer d’Schoul endlech hannert eis hun (wa mer së hannert eis hun) a wëllen eigentlech kee weidere Gedanken un des schlëmmsten Zäit vun eisem Liëwen (ausser all di aaner) verschwenden. Déi Schüler, di lo am Lycée sin? Ma si solle genau dee nämlechte Blödsinn mat maachen, dee mir och hu missten duerch stoën! Firwat soll ët hinne besser goen wéi eis? Vokabele konjugéieren, Texter auswänneg léieren, etc… Nët fir d’Liëwen, mee fir d’Schoul léiert een. Verhaltet euch das! wéi mäin Däitschprof op 6e ëmmer komplett onironesch sot. Maat, wéi der gesot kritt, da klappt ët härno och mat der Karrière als Staatsbeamten, mam Eefamiljenhaus um Land, mat den duërchschnëttlechen 2,4 Kanner, mam Hond, deen d’Mall am Audi voll mécht an den dräi Mallorca/Ischgl-Vakanzen am Joer. Saachen, déi all Lëtzebuerger huet an zë hun huet. Dat ass de séchere Wee!

Mee gëtt ët och nach eng aaner Méiglechkeet, eppes wat nët an d’08/15-Schema op dat de lëtzebuergesche Schoulsystem ee préparéiert era passt? Dat ass eng Fro, déi och dese Film net zëfridde stellend kann beäntweren an och guer net éischt versicht. Wat desem Wiërk awer op eenzegarteg an ech ging scho soen, genial Art a Weis geléngt, ass all di richteg Froen zë stellen, déi d’Problemer an der Éducatioun opgräifen. An enger Parodie vun enger Schoulklass, di leider trotzdem nach zë no un der Réalitéit ass, weist de Grupp Richtung22 op allgeméng a spezifesch Schwächten hin, déi jhidderee kennt an trotzdem existéiere léisst, wéll ën dat genau sou geléiert gouf. De Film prangert d’Konformitéit vun eiser Gesellschaft un, eng Gesellschaft wou d’kritescht Denken an Hannerfroen genausou ënnerdréckt gëtt, wéi d’Bilden vun enger eegener Meenung; ët kinnt een jo härno nach op d’Iddi kommen, bei der falscher Partei de Kroop bei de nächste Wahlen zë maachen.

De Film ass éischter eng Uneneereihung vun verschiddenen Szenen, di jeweils ën aanere Problem beliichten. Duerch dat Ganzt zitt sëch d’Geschicht vum Charel, dee, fir net mussen op den Technique zë goen, séch versicht konform zu den Erwardungen zë verhaalen, déi un ë gestallt gin. Vum cinematographesche Standpunkt hir, ass desen duerchaus einfach produzéierte Film awer gekonnt inszenéiert. De Schnatt léisst kéng Langeweil opkommen, mee bleiwt awer genau sou roueg wéi d’Mise-en-scène. Opgelockert gi mi dréche Momenter duerch flott vum Piano begleete Gesangsalaagen. Ë grousse Moment ass zum Schluss dem Charel säi grousse Plaidoyer fir de séchere Wee, deen sëch fléissend mat weidere Kommentaren vu Schlësselprotagonisten ofwiësselt. Tëschent de schauspilleresche Leeschtungen gin ët nach grouss Ënnerscheeder, mee dat ass fir eng Amateursproduktioun z’excuséieren. Ni wiërkt eppes stéierend oder lénkt vum Skript of. Logesch Iwwergäng (wat bei lëtzebuergesche Produktiounen net ëmmer garantéiert ass) rënnen d’Dréihbuch mat ongewinntem Déifgang of a loossen op weider Produktiounen vun desem interessante Kënschtlergrupp hoffen.

De wärte Liëser soll am Béschten de Film op deser Säit ukucken an séch sélwer eng eege Meenung bilden. Ech kann dëst Wiërk just recommandéieren a gin ëm als Bewärtung 5 Kevin-Schwämp vu 5. Avis aux amateurs!

Posted in Entertainment, Kritiken, Kultur | Leave a comment

wat ee schon ëmmer wollt iwwert 2012 wëssen an een séch ni getraut huet ze froen

Lo ass ët also do, d’Joer 2012. Mee wat kënne mer eis dann alles vun deem fusch-neie Joer erwaarden? Foljhend kënnt mol eng kléng Opziëlong vu méi oder manner kuriéisen Événementer:

- 2012 ass ë Schaltjoer an huet duerch den 29. Februar 366 Deeg
- 2012 ass dat internationalt Joer vun de Genosseschaften an dat internationalt Joer vun der nohalteger Energie fir jhiddereen
- Europäesch Kulturhaptstiëd sin Guimarães am Portugal a Maribor a Slowenien
- An Indien ass ët dat nationalt Joer vun der Mathematik (wéngst dem 125. Gebuertsdag vum Srinivasa Ramanujan)
- Ët ass och d’Alan Turing-Joer als Kommemoratioun vum Mathematiker a Computerwësseschaftler séngem 100. Gebuertsdag
- Duerch Geméngefusiounen gëtt d’Zuël vun lëtzebuerger Geméngen vun 116 op 106 reduzéiert. Ët wärt also 10 traureg Buergermeeschtere gin (oder frouher, deemno wéi…)
- Am Juni ass a Polen an an der Ukrain d’Futtball-Europameeschterschaft
- Vun Enn Juli bis Mëtt August fannen zu London fannen di 30. Olympesch Summerspiller statt
- D’Futtball-Afrikameeschterschaft ass am Gabun an an Äquatorialguinea
- Zu Istanbul sin di 40. Olympesch Spiller am Schach
- D’Séissholzwuerzel ass d’Medizinplanz vum Joer
- Dänemark an Zypern hun d’EU-Rotspresidentschaft
- Op Curaçao a Sint Maarten gëtt den Antille-Gulden a karibesche Gulden ëmbenannt
- D’Weltausstellung ass zu Yeosu a Südkorea
- De 57. Eurovision Song Contest kënnt vu Baku am Aserbaidschan (Europa vergréissert séch)
- D’Tagesschau vum däitsche Sender ARD feiert 60 Joer
- Am August soll de Mars Science Laboratory (“Curiosity”) um Mars landen
- Den aktuellen Zyklus vum mesoamerikaneschen Maya-Laangzäitkalenner kënnt den 21. Dezember 2012 op ën Enn. Duerno fänkt awer rem ë neien un.

Posted in Entertainment, Kultur, News | Leave a comment

Een Dag am Oktober

Ët ass wahrscheinlech de läschte Weekend mat sonneg waarme Wiëder am Joër 2011 an ech sin op der belscher Küst. Ët weht ë liichte Wand, vum Mier hir kënnt mer Salzgeroch entgéint an um knallbloen Himmel steht net eng eenzeg Wollek. Ech fueren duerch dat kléngt Duërf Oostduinkerke a bei der Tramhaltestell kuerz firun der Grenz zu Koksijde, wou vis-à-vis ën Hotel steet, dat ausgesäit wéi ë Schëff, béien ech no riëts Richtung Strand an. Ech fueren ë besse mi lues, ët ass zwar eng Plaatz, di ech gudd kennen, mee ech wor opmannst zéng Joer net méi hei.

Di gëllen Oktobersonn blend mech ee Moment an ech si verwirrt. D’Haltestell vum belschen Küstentram (deen iwwregens di längsten Tramstreck op der Welt ass), ass vill méi modern, wéi ech së an Erënnerung hat. Ët huet sëch vill geännert zanter där Zäit, wou ech als Bouf mat méngen Elteren hei an d’Vakanz komm sin. Den Hotel ass nach do, mee de Wee zum Strand kënnt mer vill mi kuerz fir; nët nëmmen wéll ech mam Auto fueren. Als Kand konnt ech ët net erwaarden endlech de Strand ze gesin, lo léisst mech dat Gefill op eng penibel Manéier kaal. Ech weess schon, datt ech als Awunner vun engem Land, dat kéng Küst huet, d’Mier net oft gesin, mee iergendwéi wor d’Erwardung mat 10 Joër méi grouss wi 20 Joër mi spéit. D’Affer vun der Zäit sin di schlëmmst; ët weess ee munchmol net méi, wat ee vergiëss huet.

Op di läschten 200 Meter gëtt d’Strooss vun engem Rondpoint ënnerbrach, sou datt een de bloen Horizont wirklech éischt gesäit, wann ee scho bal op der Plage ass. Um Rondpoint ass niëwent Gehecks mëttlerweil eng riiseg giël Boje platzéiert. Dat ass nei. Oder och net, war schliesslech scho laang net méi hei. Op der Boje stinn di geografesch Koordinaten vun der Plaatz. Oder och vun do, wou d’Boje um Mier agesat gouf. Irgendwéi interesséiert mech dat net sou richteg, ech hu kéng Loscht ët nozekucken, d’Kandheetsgefill vun der Erwardung ass rem zréck. De Veteran war vergiëss, mee net verluër.

Kanner trëppelen mat hiren Elteren Richtung Sand a si schwéier beluëden mat Still, opblosbaren Plastiksspillsaachen a Prabbelien. Ë klénge Bouf mat engem schlabbregen Hutt schleeft liddreg ë gréngt Plastikskrokodil, dat zweemol méi grouss wéi ë sélwer ass, hannert sëch hir a rifft di ganzen Zäit no sénger Mamm, déi ëm séng Laascht soll ofhuëlen. De Papp dickst ëm eng liicht an d’Akaul an de Bouf kuckt schmollend op de Buëdem.

Ech gesin eng Parkplaatz a profitéiren séier dovun, wéll d’Strooss schéngt soss schon zou geparkt zë sin. Ech klammen eraus a genéissen fir ee Moment di frësch Loft an d’Rausche vum Mier an dinn d’Schong an d’Strëmp aus. D’Jeans-Box krempelen ech bis bal bei d’Knéien erop a maache mëch op de Wee Richtung Waasser. De Goudron ass wodleg a fillt sëch rauh un, mee ass propper. Vu wäitem héiren ech schon d’Leit um Strand: Geschwätz, Laachen, Kreesch. Koppelen leien op grousse Buëddicher ënnert nach méi grousse Sonneprabbelien, Kanner spille mat Bäll, Jugendlecher werfen ë Frisbee am Krees hin an hir.

Ech bleiwe kuerz stoen, fir eng Fra op engem Päerd laanscht zë loossen. Ech spiire, wéi méng Féiss sëch an de warmen, scho bal gliddege Sand agruëwen an di fein Kären tëschent méngen Zéiwen laanscht schauteren. D’Hëtzt léisst mech weider zéien an ech mierken, datt wuel grad d’Flut op hirem Héichtepunkt ukomm ass; ët gëtt baal kee naasse Sand tëschent den Dünen an dem Mier.

Virsichteg trëppelen ech duerch d’Nätzt, déi vun enger Well hannerlooss gouf a warde gespannt drop, datt d’Waasser zréck kënnt. D’Well kënnt schëtzeg ugebraust an tiërmt sëch méi héich op, wi ech geduëcht hat. Ech sprangen ë klénge Coup säitlech fir datt méng Box net zevill naass gëtt, mee d’Waasser zitt sëch scho nees rem zréck fir ë weideren Ulaaf zë huelen. Ech froe mëch, op d’Mier ëss net verdrësslech, net midd gëtt, ëmmer hin an hir, ouni wirklech no fir oder no hannen zë kommen. Vläit huët ët sëch och schon während de Jormilliarden einfach dru gewinnt.

Ech trëppelen während zéng Minutten lanscht de Strand, méng Féiss sin ëmmer am Waasser an hannerloossen brong Wolleken vun opgewulltem Bulli, wéi ech opeemol stoë bleiwen a mäi Bléck Richtung Horizont wandere loossen. Wäit ewech segelen op der feiner Linn tëscht dem blo-groë Mier an dem méi hellbloën Himmel wäiss Dräiecker ganz roueg hin an hier. Op wuël ee vun deene Matrousen och grad Richtung Land kuckt a sëch freet, vu wiem hien beobachtet gëtt?

Méng Aan wanderen zréck Richtung Sand an ech gesin ë puer Meter firu mir ë kléngt Meedchen an ë klénge Bouf un enger Sandbuerg schaffen. Wahrscheinlech sin ët Gesëchter, di do verzweifelt versichen hirt architektonesch Meeschterwiërk virun den erbarmungslose Wellen zë retten. Di baussenzeg Rangmauer ass op enger Säit scho komplett zerstéiert an d’Kanner droën hektesch drëchene Sand erbäi fir së rem opzebauen. Eng Sisyphusarbecht.

Ech gi weider an erblécken ë Puppelchen, deen an engem Pull an enger klénger Sandkaul sëtzt a mat der flacher Hand an de Bulli tëschent sénge Been schléit a sëch drun erfreet, wann ët no alle Säite richteg gudd sprëtzt an hie séng Bee knaschteg kritt. De Kléngen ass sou komplett faszinéiert vun där Physik, datt hien guer näischt ronderem sëch mat kritt. De Bulli, dee vu sénger Hand erof drëpst, stellt séng ganz Welt duer an ech froe mech, op een als Erwuëssenen ët och nach ging färdeg kréien, séng Gedanken zu honnert Prozent op ën eenzege Fait zë konzentréieren an domat zëfridden zë sin. Ech hoffen, datt de Kléngen déi Begabung nach eng Zäitchen hällt, wéll së geet all zë séier verluër. Nët vergiëss, mee just verluër.

No enger Weil denken ech drun, mëch rem op den Heemwee zë maachen an dréie mech ëm. Bis ëlo hat ech d’Sonn am Réck, mee lo schéngt së mer riicht an d’Aan an ech bleiwen ee Moment stoen, fir mëch drun zë gewinnen. Ech kucke ronderem a versichen mer, ménger Situatioun bewosst zë gin. Dat wodlegt Waasser spillt kéck laanscht méng Been a méng Féiss rutschen ëmmer méi an de Bulli. Ech kreese mat méngen Zéiwen fir dës Aktioun zë beschleunegen. Eng angenehm warm Loft bléist mer laanscht de Kiërper an duerch d’Hoër. Ech dréie mäi Kapp Richtung Mier a gesinn a gesinn tëschent de klénge Segelbooter um Horizont d’Waasser an der Sonn glënneren. D’Melodie vum Charles Trenet séngem “La mer” kënnt mer kuerz an de Sënn an ass neess direkt verschwonn. Ech kucken laanscht de Strand, deen sëch am Donst verléiert a gesin eng laang Reih mat héijhen Appartementsgebäier laanscht d’Küst stoen. Së wirken wi eng grouss Mauer, wi wann d’Land dem Mier ging d’flaach Hand entgéint strécken fir zë soen: “Stop! Bis hei hin a net weider!” Ech hiëwen de Kapp a kucke Richtung Himmel. Mäi Bléckfeld besteet lo komplett aus Blo an ech maache luës d’Aan fir ë Moment zou. Ë Moment, wou méng ganz Welt just aus der waarmer Beréierung vum Waasser a Wand an dem mëlle Salzgeroch besteet. Fir dee kuerze Moment existéiert soss guer näischt, keng Vergaangenheet huet jemols existéiert a keng Zoukonft wärd jemols existéieren. Ë perfekte Moment vu Gléck an deem ech de ganze Fonktionnement vum Universum verstinn, wéll ë sou kléng gin ass. Ech gesin, wéi alles mateneen a Relatioun steet an erkennen de ganze Sënn hannert allem a fannen, ën ass gudd.

Just wou ech mer dees bewosst gin, ass dese Moment duerch déi Réaliséierung och rem eriwwer an hannerléisst ë liicht trauregt Gefill. Alléng de Fait, datt ech nach weess, datt ech jemols des Erliichtung hat, montert mëch rem op an ech weess, datt sou ë Moment iergendwann rem wärt kommen. Ë muss einfach an ech free mëch schon drop.

Posted in Personal & Hobbies | 1 Comment

Een Dag am September

Dënschdegs Nomëttes, ech stinn op der Shell-Tankstell zu Sandweiler mer d’Been an de Leif. Ech hun als Student ë Vakanzenjob bei der ILRES ugeholl a soll ën 10-Säite-Questionnaire mat Clienten vun der Tankstell ausfëllen. Wéi wann déi souvill Zäit hätten. Séier tanke goen, vläit nach ë Paak Zigarette kaafen a rem weider. 30 Froën fir eng Uëlegfirma beäntweren an eng Véirelstonn verplemperen? Nee, Merci. Ech hun um 14:00 Auer ugefaangen, stinn schon iwwert eng Stonn do a kruut nach keen dozou iwwerriëd, mer d’Froen zë beäntweren. Ech soll bis owes 20:00 Auer nach stoë bleiwen a wärt aus engem aanere Grond nët een eenzege Formulaire ausgefëllt kréien.

Kuërz firu 16:00 Auer ass ët ee Moment grad zimlech roueg an ech schlenderen laanscht d’Regal bei der Fënster. Meeschtens sin ech dobannen, wou ee kann a Rouh mat de Leit schwätzen; heiansdo gin ech awer och mol raus. Bei 6 Stonnen Oppenthalt brauch een Ofwiësselung. De Wirt ass grad hannenaus, an d’Lager oder op d’Toilett, ech weess ët net. Langeweil mëcht sëch méi wi just breet. Wéinstens leeft de Radio. Ët ass den däitschen RTL, ech méngen domols war dat nach den “Oldie-Sender”. Op eemol gëtt d’Musek ënnerbrach, ech ka mëch net méi un d’Lidd erënneren. De Speaker schwätzt an engem zimlech lässeg-bäileefegen Toun dovun, datt së gingen den aktuelle Programm ënnerbriëchen, wéll zu New York ë Flijher an ën Tuerm vum World Trade Center geflu wir oder sou. Kléngt zimlech null an ech hun dee Sproch nët witzeg fonnt. Ech iwwerlée mer, datt do am Studio hoffentlech Käpp wärte rullen. Sou null Witzer mëcht ee nët. D’”Ënnerbriëchung” vum Programm besteet doraus, datt ee Lidd ënnerbrach gëtt an ë neit Lidd ufänk. Wat soll dat Ganzt?

Um véier kommen dunn d’Noriichten an do schwätzt och rem een vun engem Flijherakzident am World Trade Center, dës Kéier awer a vill méi engem sériéisen Toun. Oh, da war dat jo echt? Geneeës wéissten së awer nach nët. Ech fänken direkt un mat iwwerléeën, wéi sou eppes huët konne geschéien. Wann een 6 Stonnen Differenz vu New York zu ménger Zäit ofrechent, muss d’Ongléck moies tëschent 8 a 9 Auer geschidd sin. Gudd méiglech, datt dee Moment vläit Niwwel iwwert Manhattan luch. Do kann sëch alt sou ë klénge Sportflijher mol verirren, opschons ët mer awer iergendwéi onrealistesch schéngt, datt sou eppes konnt op där Plaatz geschéien. Mat sou villen Héichhaiser wär dementspriëchend d’Wahrscheinlechkeet jo méi grouss, datt dat öfters ging geschéien, wat bis ëlo awer nach net de Fall war. Vläit war ët ën technesche Fehler? Oder ee Sightseeing-Flijher. Ech hat alt mol schons vun Touristen héiren, di mam Helikopter konnten eng Ronn iwwert Manhattan fléien. Méng morbid Schätzungen gin vun ongeféier 3-4 Affer u Bord vun der Maschinn aus a vläit nach eng Kéier souvill am Büro, wou de Flijher ageschlo wor. Ët stëmmt mëch traureg, wéi d’Schicksal kann bannent engem Moment sou krass eng 180°-Kéier maachen.

Beim nächste News-Boulletin gëtt vun engem zweeten Flijher-aschlaag an den 2. Tuerm geschwaat. Dat wärft all méng Iwwerléeungen iwwert ë Koup. Dat kann onméiglech ën Zoufall sin, dat ass gewollt. Ech froë mëch just firwat een zwee kléng Sportsflijheren a Bürostiërm knuppe léisst? Wat domm Terroristen! Grad dee Moment héieren ech d’Stëchwuërd “Boeing”. Merde, eng Boeing? Zwou souguer? Wou sin së dann u sou grouss Maschinne komm? Hu së déi gekidnapped? Mee da wire jo honnerte vu Mënschen u Bord mat ëm d’Liëwe komm?! Fréck, wat ass do lass?

Ë Fransous léisst säin Auto nom Volltanken un der Zapsail stoën a kënnt eran, fir zë bezuëlen. Ech froen hien, op hie Loscht hätt um Questionnaire Deel zë huelen. Hië wëll ganz opgereegt vu mer wëssen, wéi ech kinnt a sou engem Moment lo un sou ën domme Froëbou denken. Op ech da nët wéisst, wat an der Welt ging firun sëch goen? Hien ass richteg rosen. Ech äntweren him roueg, datt ech mer schon den Événementer di aaner Säit vum Atlantik bewosst wir, mee leider och näischt dorun kinnt änneren. D’Welt ging sëch trotzdem fir eis weider dréien an ech hun eng Arbecht zë maachen. De Fransous kuckt mëch eng Kéier erstaunt un an entschëllegt sëch, mee ën hätt awer wirklech kéng Zäit fir mäi Froebou.

Ech stinn nach bis 19:45 Auer do an décidéiren fir haut endgülteg op zë gin. Ech fueren heem Richtung Bouneweg, wou ech um 20:00 Auer eng Museksprouf hun. Di éischt vun der neier Saison no der Summervakanz. Mäin Instrument läit schon hannen an der Mall, fir datt ech nët nach bis heem laanscht muss, ët siche goen.

An der Paus kréien ech Geleegenheet mat aanere Musikanen zë schwätzen a froen, op së och schon vun der Katastroph héiren hätten. D’Wuërt “terroristesch Attack” wëll sëch iergendwéi net richteg a mäi Mond léen, ët gesäit och nach keen de ganzen Hannergrond dovun. All di Termen wärten éischt an de kommenden Deeg a Woche geprägt gin. Ee Saxophonist erziëlt mer, datt d’Tierm zesumme getrollt wiren an zimlech vill op der Telé zë gesin ass. D’Envergure vun der Katastroph vergréissert sëch a méngem Kapp rem ëm zousätzlech Niveauen. An ë Koup gefall? Mäi Gott?! Do schaffen dach bestëmmt zéngdausende vu Leit an deene Büroen!

Um 22:00 Auer kommen ech heem a wärt fir d’éischte Kéier di Biller gesin, déi sëch mer spéider wärten an d’Gehiir abrennen. Ech maachen séier d’Telé un ouni d’Jackett an d’Schong auszedin. Ech iwwerléeë mer, op wéi engem Kanal CNN ass, mee ech brauch mol nët ze wiësselen, wéll de Fernseher ëmmer mat der ARD ugeet an do sëch mer ë fuërchtbare Film presentéiert. Ech gesi, wéi zwee Tiirm riiseg, schwaarz Dampwolléken aus den iëwechte Stäck eraus quelle loossen, éier een zesumme fällt. Ech hat mer villes erwart, mee do drop war ech nët préparéiert. Dat Ganzt wirkt zimlech surrealistesch bis absurd. Ët hätt genausougudd kinnt aus engem Roland-Emmerich-Film sin.

Wéi ech no enger halwer Stonn miërken, datt ëmmer rem di nämlecht Videoopnaahmen laafe gelooss gin (weiderer sollten éischt an de näschten Deeg dobäi kommen), zappen ech duerch d’Kaneel a miërken, datt wirklech iwwerall dat nämlecht ass. Souguer di Seriesender ouni eege Produktiounen hun einfach de Programm vun engem Noriichtekanal aus dem nämlechte Studiohaus iwwerholl. Ët geet dovu riëds, datt bal de gesamten Flugverkéier op der Welt ënnerbrach gouf. Ech denken direkt u muër, wou ech soll méng Elteren op de Findel siche fuëren. Si kommen zréck aus der Vakanz, an zwar vu Madeira. Ech war mat hinnen dohi geflunn, mee eng Woch éischter zréck komm. Gottsäidank sollt sëch awer eraus stellen, datt hire Flug nët gecanceled wärt gin, mee “just” 4 Stonnen Verspéidung wärt hun. Um 23:30 Auer maachen ech d’Telé aus a gin an d’Bett.

Den Datum war den 11. September 2001.

Posted in News, Personal & Hobbies | Leave a comment

Oscars (1): Wings

Wings (1927), Oscar vun 1927/28, ass ë schwaarz/wäisse Stommfilm iwwert zwee Flijherpiloten am éischte Weltkrich.

Den Jack an den David kommen alle béid aus der amerikanescher Mëttel/Uëwerschicht a sin an dat nämlecht Meedchen, d’Sylvia verléiwt. Dat ass awer just um David interesséiert, mee seet aus Matleed dem Jack näischt. Deem séng Aan si blann fir d’Mary, dat sëch fir hien interesséiert. Dat Ganzt kléngt zimlech komplizéiert, mee ass ët eigentlech net. Wat d’Relatioun tëschent den zwee Konkurrenten verännert, ass, Wings Filmposter 1927wann së sëch an d’Loftarméi mellen, fir am, domols nach “Grousse Krich” genannten, Éischte Weltkrich an Europa zë kämpfen. Di zwee kommen sëch méi no a gin di béschte Kollegen. Mee wéi an all Krichsdrama muss ët zu engem trageschen Enn kommen.

D’Geschicht huët gewëss Längten a gëtt plaatzeweiss zimlech eraus gezunn. Och wann ee muss op Textbiller waarden, fir verschidden Saachen erklärt zë kréien, verharrt d’Kamera oft zimlech laang op de Schauspiller, déi dat notzen fir hir Emotiounen an där domols üblecher theatralescher Art a Weiss zë weisen. Do miërkt een och, datt een als opgeklärte Mënsch vum 21. Jorhonnert, eng etlech Jorzéngter u Filmevolutioun kennt an een liicht verwirrt gëtt, firwat alles als éischt muss dem Spektateur erklärt gin. Gewëss Filmkonventiounen gouf ët eben nach nët oder de Spektateur huët së nach nët kannt.

Dat grousst Wiërk stëcht, ménger Meenung no, bei dësem Film am techneschen Aspekt. D’Mise-en-scène ass durchaus originell an ass domols wuël zimlech positiv opgefall. Ech erënnere mëch do un eng Szene an der Mëtt vum Film, wou d’Kamera tëschent de Leit iwwert d’Dëscher fiërt, fir just ee Beispill zë nennen.

Wat wirklech groussarteg ass, sin di riiseg an opwänneg Dékoren, genau wéi gigantesch Massenszenen um Schluëchtfeld. Ët kann ee kee Realismus à la “Saving Private Ryan” erwaarden, mee duerfir gëtt Dramatik héich geschriwwen. D’Choreographie vun honnerten Zaldoten tëschent de Schützegriëf wärt zimlech usprochsvoll gewiëscht sin. D’Käschten wärten sëch och nët a Grenze gehal hun, wéll d’Kulissen simuléieren ganz franséisch Diërfer, di zerbombt gin an eng Aberzuël u Flijheren.

Wéngst wat de Film wuël wirklech berühmt gin ass, sin d’Fluchszenen. Dozende vun Duëbeldéckeren fléien do iwwert de Wollécken iwwerteneen an d’Stuntleit féieren halsgeféierlech Manöveren aus. Anscheinend kruuten së do Hëllef vun engem Fluchregiment aus dem Texas, wou de Film sollt gedréint si gin. Ech muss soën, datt dat immens spektakulär ausgesäit, och nach am “Michael Bay” a “Roland Emmerich”-Zäitalter.

Ë klénge Manko huet de Film trotzdem fir mëch, wéll méi Wärt op den Drama an Effekter geluëgt gouf, wéi op Realismus. Ët feelt och u kléngen Détailer, wéi z. Bsp. datt d’Fraen an de Paräiser Lokalen all Partykleeder vun 1927 droën. De Film spillt just 10 Joër méi fréi, do hätt een dach wuël eppes Passendes fonnt? Desweideren gëtt de Film de Krich als eng zimlech nobel Cause rem, wat natirlech där domoleger Mentalitéit entsprëcht (während a nom Krich), mee hautzudachs liicht lächerlech wiërkt. Hu Géigner wirklech opgehaal mat kämpfen, wann engem säi Gewiër geklemmt huët (fir fair zë bleiwen)? Dann huët de Film och ën zimlech staarke Fall vu Schleichwerbung (di éischten iwwerhaapt?) fir Schokola. Nujee, ën hat och 2 Milliounen Dollar kascht.

Ët ass op jhiddfer Fall eng grouss Hollywood-Produktioun, déi Paramount Pictures sëch do geleescht haten an ech ging soën, datt den Oscar wuël verdéngt wor (ouni lo d’Konkurrenten gesin zë hun). Gesin hat ech de Film mat sénger Laafzäit vun 2:20 Stonnen an der LaserDisc-Versioun aus den 80′er Joren.

Posted in Kritiken, Kultur | 2 Comments

Liëwenszeechen

Dëse Blog liëwt nach. Ech weess, datt ët schon laang hir ass, datt ech eppes geschriwwen hat (mol nokucken… wat 6 Méint? ka nët sin!), mee ech hu vir, mëch zë besseren. An duerfir starten ech ë neie Projet.

Wéi vill aaner Leit och, sin ech ë Fan vu Lëschten. An wat ech ë bessen hei um Blog vernoléissegt hun, sin Kritiken vu Filmer. Wat wir do also méi ideal, wi di zwou Saachen zë kombinéieren? Duerfir wärt ech ëlo a nächster Zoukonft Kritiken iwwert Filmer, di all op enger Lëscht opdauchen, schreiwen. Als éischt hun ech mer mol d’Fro gestallt, wéi eng Lëscht ech ging huëlen. Sou eppes wéi d’Top 250 aus der IMDb ass mer zëvill subjektiv (a kann och changéieren, da misst ech di ganzen Zäit nokucken, wat feelt), duerfir orientéieren ech mëch léiwer un enger zwar och subjektiver, mee duerfir “stabiler” Lëscht; dat sin d’Filmer, déi alleguer ën Oscar fir de béschte Film kruuten.

Méng réng subjektiv Kritiken wärt ech a chronologescher Reihefolleg schreiwen, duerfir wärt ech also demnächst fir d’éischte Kéier iwwerhaapt eppes iwwert ë Stommfilm schreiwen. Den éischten Oscar iwwerhaapt ass nämlech un de Stommfilm “Wings” gaangen. Dat war och den eenzegen, wéll am nämlechte Joer (1927), den éischten Tounfilm an de Kino koum. Ech si gespaant, wat mëch bei dësen, bis ëlo 83 Filmer, wärt erwaarden.

Posted in Intern, Kritiken, Kultur | Leave a comment

Ons Identitéit (Lëtzebuerg 2010)

Endlech ass ën do! Dem Jacques (nët dee mam Schokela) säi Film iwwert di lëtzebuerger Kultur an eben, wi den Titel ët schon undeite léisst, di lëtzebuergesch Identitéit. Anscheinend hu mer së fonnt (dem Film no).

Ech gi lo nët laang op eng Kritik vum Film sélwer an. Ën ass fir eng Amateursproduktioun net schlecht gemaacht, huet liicht Länkten, di awer trotzdem kurzweileg sin an impressionéiert nawell duerch ën Dréihbuch, wou ee gesäit, datt eppes dohannert stëcht an sëch den Auteur Gedanke gemaat huet. Verschidde Gag’en hu mëch “schmunzele” gedin, bei aaneren konnt ech mëch kréngelen. Wat mer nach positiv opgefall ass, sin di duerchaus gudd schauspilleresch Leeschtungen, besonnesch vum Jacques Schiltz a Lars Schmitz. Och wann een d’Geschicht wuël just als Lëtzebuerger wärt verstoen an een së nët grad zäitlos kinnt nennen, wéll së relativ vill op d’Aktualitéit opbaut, mëcht dëse Film de Wee op an eng nei Richtung.

“Eng nei Richtung fir de lëtzebuerger Film? Pa, iwwerschätzt de do dëst Wiërk net ë bessen?” wärt sëch de wärte Liëser hei froen an ech gin ëm och Recht. Trotzdem fannen ech ët interessant, mol eng Kéier eppes aaneschteres, wi di x-ten Reportage iwwert den zweete Weltkrich (“Wi méngem Monni séng déck Zéiw sëch huet missten an enger Éislécker Höhl verstoppen”) oder eng langweileg pseudo-witzeg Sozialkomedie (quasi alles vum Andy Bausch) ze gesin. D’Aussoo vum Film ass net revolutionär (datt Friëmenhaass kee Sënn huet, etc…), mee alléng de Fait, dat gewëss Tabu’e gebrach gin (d’Hitlerparodie erwähnt de Film sélwer, di roud Léiwen, di op der Wiss leien…) sprëcht duerfir, datt sëch mat engem Thema ausernee gesat gouf a net einfach eng Reih vun, fir Lëtzebuerg relevanten, Iddien geholl an an d’Geschicht agestreet goufen, fir datt sëch de Spektateur um Lokalkolorit kann erfréeen. Anstatt, datt ëmmer nëmmen ronderem geschwaat gëtt, gëtt hei d’Kand mam Numm genannt an sëch mol éierlech domat ausernee gesat. A wann dat alles nach mat Humor, deen sëch sélwer nët zevill serieux hëllt, geschidd, fannen ech dat immens. Op eng Fal, ass de Film awer era gefall; nämlech genau dat, wat ën engem och wëll weisen: d’Lëtzebuerger interesséiren sëch just fir sëch sélwer. Ass ët ë Mannerwärtegkeetskomplex oder kennen së näischt Besseres? Së filmen op jhiddfer Fall just iwwert sëch sélwer an de Problem, datt së keng richteg lëtzebuerger Identitéit hun. Mee vläit ass dat jo awer just sou richteg “typesch lëtzebuergesch”!

Wiën lo nach ëmmer kéng Loscht huet, sëch dee Film unzekucken, dee sollt sëch de Film mol als éischt ukucken, vläit kritt ën da Loscht! Ze gesin ass ën ënnert desem Link. Weider Kritiken gin ët bei Pianocktail (Piano-Cocktail?) a beim trauregen Hierscht. Avis aux amateurs!

Posted in Entertainment, Kritiken, Kultur | 2 Comments

dat brongt spill

Fir all déi, di dest Joer d’Schueberfouer boykottéiren.

Posted in Entertainment, Kultur | 2 Comments