8. staffel vun the west wing

D’Wäisst Haus bloggt lo och. Just fir ze soen. (Kommentarer sin awer anscheinend gespaart)

Posted in Blogs, News | Leave a comment

03.03.09

Coming soon…

Video eraus geholl (Säit brauch ze laang fir ze lueden)
Link zum Trailer

Posted in News, Science | Leave a comment

wat ee schon ëmmer wollt iwwert 2009 wëssen an een séch ni getraut huet ze froen

2009 ass dat internationalt Joer vun der Astronomie (de Galileo Galilei huet virun 400 Joer duerch en Teleskop gekuckt). Fir dat ordentlech ze feieren, kann een op deser Säit all Dag en aanert astronomescht Bild kucken (huet och e Riisenarchiv).

Desweideren ass 2009 och nach d’Haydn-Joer (200. Doudesdag), d’Mendelssohn-Joer (200. Gebuertsdag), d’Händel-Joer (250. Doudesdag), d’Calvin-Joer (500. Gebuertsdag, de Johannes Calvin, net dee mam Hobbes), d’Charles Darwin-Joer (200. Gebuertsdag) an d’Heinz Erhardt-Joer (100. Gebuertsdag). A wie mer ka soen, duerch wat décidéiert gëtt, op de jeweilegen Doudesdag oder de Gebuertsdag gefeiert, gewënnt 50 Gummipunkten. Wahrscheinlech gëtt geholl, wat grad am nootsten ass. A firwat dem Sir Arthur Conan Doyle säin 150. Gebuertsdag an dem Edgar Allan Poe säin 200. net gefeiert ginn, weess ech och net.

Eng ganz Reih Saachen wärten séch änneren: an der Slowakei kann een ëlo am 16. EU-Land mam Euro bezuelen, d’EU-Rotspresidentschaft gëtt vun Tschechien an dann vun Schweden iwwerholl an d’USA wiësselen hire President (kruut ech lo éischt mat).

Weider Ereignisser sin an de Kulturhaptstiëd Linz a Vilnius, d’Äishockeyweltmeeschterschaft an der Schwäiz, eng dräifach Konjunktioun tëschent Jupiter a Neptun an di längsten Sonnendäischtert vum 21. Jorhonnert wärt a Südostasien ze gesi sin.

Ajo, an den 22. Mee wärt e Kléifeldmonster New York City zerstéieren.

Posted in News | 4 Comments

the one and only

egalwaat.lu wënscht ëlo schon sénge Liëser schéin Feierdeeg an erënnert dorun, datt dese Site och fir d’nächst Joer nach ëmmer mat 3 ‘a’en geschriwwe gëtt. Schlecht nogemate Kopien solle weg. ignoriéiert gin (nei Liëser, di séch vertippt hun, sin awer härzlech wëllkomm). Wéll, nëmme wou ‘egalwaat’ drop steet, ass och ‘egalwaat’ dran!

Posted in Intern, Internet & PC | 8 Comments

chris christmas rodriguez

Sorry Santa Claus a Kleesschen, dir zwee hutt ausgedéngt.

Posted in Entertainment, Nonsens | Leave a comment

44

Nodeems an de läschten Deeg jo bal all Blog séng Meenung zur Wahl vum Barack Obama als US-President huet misste kond gin, wëll ech hei mol e puer Linken weisen, vun Säiten mat Texter di e bessen méi ronderem dat ganzt Spektakel informéiren.

Den amerikanesche Magazin NEWSWEEK hat während dem Wahlkampf e Projet laafen, wou Reporteren de Presidentschaftskandidaten op Schratt an Tratt nogelaf sin. Wéll dat ganzt awer relativ ëmfangräich ass, huet d’Klaatsch-an-Traatsch-Säit Gawker eng Zesummefassung bruuecht, di nawell relativ interessant a witzeg ass.

Eng interessant geographesch Analyse vum Obama sénger Wiëlerschaft mat Landeskarten weist den “Strange Maps”-Blog.

Wat d’Zoukonft brénge wärt, erklärt e “Salon”-Artikel, dee nawell eng interessant Theorie vun enger véierter amerikanescher Republik erläutert.

Da gëtt ët zum Schluss natirlech och nach eppes fir ze kucken an ze lauschteren, an zwar de Video vun engem briteschen Reporter, deen de Wahldag sélwer eng 92-jähreg Wiëlerin, eng demokratesch an eng republikanesch Wahlparty besicht huet. Op läschterer war offensichtlecher Weis net grad souvill lass.

Wat lo soll mat den fanateschen Obama-Supportere geschéien, weess den “Onion News Network” och net sou richteg z’erklären.

Posted in Entertainment, Kultur, News | Leave a comment

école de débit

Gëschter Owend woren an der Stad d’”Rives de Clausen” ageweiht gin. Do gin et eng ganz Reih Bar/Restauranten mat komesch/interessante Nimm. Dee beschten konnt ech awer hei op der Photo knipsen. “école de débit”. Okay, ech mengen, dat ass net wirklech eng Bar, mee et wir dach awer e gudde Numm, oder? Google fënnt och bal näischt dozou, et wir een also direkt op der éischter Plaatz mam Geschäft. Ausser lo desem Artikel natirlech.

Posted in Kultur, Nonsens | 2 Comments

lPhone


Den “l” steet fir Lemming.

D’Schlaang beim éischte Verkaaf vum iPhone zu Lëtzebuerg, den 26. September.

Posted in Entertainment, News | 2 Comments

luxenu: scientology op der braderie

Op der heiteger Braderie an der Stad Lëtzebuerg sin net nëmmen Kleeder- oder Schongverkeefer present: och di amerikanesch Sekt Scientology huet hire Stand opgemaat, anzwar am Eescher Bierg firun fréiere Büroen vun der Justiz. Wéi een op der Photo erkenne kann, verkaafen si do Bicher vum L. Ron Hubbard, dem Grënner vun der Sekt an di ominéis Stadpläng, di firun Joren schon eng Kéier hei erwähnt goufen. Wat net hei ze gesin ass, wor de Verkaf vun engem E-Meter, och nach Hubbard Electrometer genannt, mat deem trainéiert Scientologen anscheinend de mentalen Zoustand vun engem “Gleewegen” kënne moossen. Op méng anonym Nofro hin, gouf ech gewuer, datt dee ganze Stand vun “Life Power Luxembourg” organiséiert gëtt. Ob der Staater Union Commerciale bewosst ass, datt net nëmme Wueren, mee och Mënschen op der Braderie ausverkaaf gin? Am Geschäftsverband sin se anscheinend net vertrueden.

Posted in News | 4 Comments

Olympesch Spiller

Och wann ech sélwer bal nach net engem Spill nogekuckt hun (ausser 5 Minutten Veloscourse laanscht di grouss Mauer), fannen dem “Stern” séng Billergallerie mat Photoen vun de verschiddenen Sportarten zimlech faszinéierend. Sämtlech Emotioune sin do representéiert a gëtt all Dag erweidert, sou laang d’Spiller nach laafen. Di Photo vum Janos Baranyai aus Ungarn ass nawell zimlech ellen ze kucken.

Posted in News | Leave a comment